Centre pour l'égalité de traitement
Presidentin Susanna van Tonder huet demissionéiert

Si huet hir Demissioun mat gesondheetleche Grënn a strukturellen Dysfonctionnementer beim CET erkläert.
D’Presidentin vum Centre pour l’égalité de traitement (CET) huet demissionéiert. D’Susanna van Tonder sot onse Kolleege vum 100,7, si géing aus gesondheetleche Grënn, mä och wéinst strukturellen Dysfonctionnementer beim CET zerécktrieden. Wat déi Dysfonctionnementer genee wieren, wéilt si fir den Ament ne soen.
D’Aktivistin war am Abrëll d’lescht Joer Invitée bei eis am Background.
D’Susanna van Tonder war och 2023 Kandidatin vun der LSAP bei de Chamberwalen.
Am meeschte gelies