Muss een d'Welt net op d'Kopp setzen, fir de Leit entgéintzekommen
E Samschdeg war d'Liewe mat enger Behënnerung Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Inclusioun a Gläichberechtegung sinn net selbstverständlech. An eiser Emissioun Background am Gespréich goung et e Samschdeg ëm d'Erausfuerderungen, déi Leit mat enger Behënnerung am Alldag dacks nach ëmmer begéinen.
"Et ass nach ëmmer schwiereg, mee et geschéie Saachen." Dat sot eng vun den Invitéeën, d'Presidentin vum Centre d'Égalité de Traitement Susanna Van Tonder. Mat enger Aide à l'assistance huet de Familljeministère schonn Hëllefen en place gesat, ma dës Méiglechkeete mussen och nach méi genotzt ginn.
Den OGBL-Zentralsekretär Joël Delvaux ass och der Meenung, dass sech an de leschte Jore villes verbessert huet. Besonnesch wichteg wier et awer, net just ze kucken, ob d'Inclusioun klappt, mee éischter fir wie se klappt a fir wien net, präziséiert d'Autismus-Beroderin Joanne Theisen.
Als betraffe Persounen hunn eis Invitéeën et wichteg fonnt, dass Leit mat enger Behënnerung onbedéngt an d'Prozedure mussen implizéiert ginn, wann Entscheedunge getraff ginn. Am Beräich vum ëffentlechen Transport ass dat zum Beispill och geschitt, esou de Joël Delvaux. Scho bei den éischte Konzepter vum Tram si Leit mat engem Handicap gefrot ginn a si konnte matschaffen, fir dass en och fir grouss Deeler vun der Gesellschaft kann accessibel sinn. Dat wier e positiivt Beispill, esou nach den Zentralsekretär vum OGBL.
Wat d'Reform vum Adapto ugeet, kéint een dat awer net behaapten, präziséiert de Joël Delvaux. Déi Reform wier vu Leit an engem Büro gemaach ginn, ouni d'Fonctionement um Terrain ze kennen. Verschidde betraffe Leit hätte sech souguer zeréckgezunn, well si Angscht hunn, den Adapto ze notzen. Leit, déi net mobil sinn, kënnen net einfach eleng gelooss ginn, well en Adapto-Chauffer si net mathëlt.
Konsequent Participatioun, wann nei Initiativen ausgeschafft ginn, ass onbedéngt noutwenneg. Ma et misst awer dorop opgepasst ginn, dass déi concernéiert Leit och d'Ëmsetzung kënne begleeden, esou d'Autismus-Beroderin Joanne Theisen. Do misst ee méi kucken, wisou et eventuell zu Mëssverständnesser kënnt a wisou betraffe Leit net bis zum Schluss involvéiert ginn.
Wat d'Aarbecht ugeet, muss en Ëmdenke kommen
Fréier war de Wee "tout tracé" wéi de Gewerkschaftler Joël Delvaux et ausgedréckt huet. Hie selwer ass ni gefrot ginn, ob hien eppes aneres wéilt, wéi an engem Atelier protégé ze schaffen. Dat war einfach esou. Haut wier dat anescht, well et och vill Patrone ginn, déi ganz oppe si fir Leit mat enger Behënnerung anzestellen.
Leider wier d'Ausbildung vu Leit mat Handicap dacks net esou gutt, wéi dee vu Leit ouni Behënnerung. Als Presidentin vum Centre d'Égalité de Traitement huet d'Susanna Van Tonder och selwer gemierkt, dass betraffe Leit dacks ënnerschat ginn oder keen Accès hunn zu Bildung. Zum Beispill wier et fir si net méiglech, sech all Dag op eng Uni ze deplacéieren. Dowéinst kann e Fernstudium, deen Online ka gemaach ginn, eng gutt Alternativ. Dacks wiere scho kleng Adaptatiounen eng grouss Hëllef.
"Et ass net, wéi wa mir d'Welt missten op d'Kopp setze fir de Leit entgéint ze kommen", sot d'Susanna Van Tonder. Et wier och schued, wa gutt Initiativen net weider gefërdert ginn, bedauert d'Joanne Theisen. Wann eppes fonctionéiert an déi concernéiert Leit dat och ausdrécken, da soll dat och bäibehale ginn.
Fir Leit mat Autismus kéint et zum Beispill schonn immens hëllefen, wann d'Luucht ka gedimmt ginn oder wann dorop opgepasst gëtt, dass allgemeng net ze vill Geräischer sinn. Als betraffe Persoun huet d'Joanne Theisen betount, dass esou kleng Adaptatioune schonn eng grouss Hëllef sinn. Déi sougenannt Heures silencieuses wieren do e gutt Beispill. Si selwer wier do immens mat agebonne ginn an esou sinn Zäitfënster an verschidde Supermarchéen entstanen, wärend deene keng Musek gespillt gëtt an een allgemeng méi roueg kann akafe goen.
Och um Aarbechtsmaart kënne scho kleng Upassungen hëllefen, fir um éischten Aarbechtsmaart kënnen ze schaffen. Den Employeur soll net zécken, fir Leit och auszebilden oder zum Beispill en Job-Coach anzesetzen. Et wier am Ufank en Invest, ma en Employé mat enger Behënnerung wier immens motivéiert an dankbar, eng passend Aarbechtsplaz ze hunn. Dowéinst géing sech den Invest op jidder Fall lounen, mengt den OGBL-Zentralsekretär Joël Delvaux. Hien hätt dacks d'Gefill, dass d'Patrone vu villen Hëllefen net Bescheed wëssen. Do kéint ee sech froen, op wéi engem Niveau vun der Kommunikatioun et hapert. Woubäi hien nach ni héieren hätt, dass e Patron sech dem géing verschléissen, eng Persoun mat Behënnerung anzestellen.
D'Joanne Theisen huet nach begréisst, dass et Initiative wéi den Duo Day gëtt. En Dag, op deem sech Patronen a Leit mat enger Behënnerung kënne kenneléieren. Ma et wier awer schued, dass dësen Aktiounsdag eng Evaluatiounsetüd no manner gutt ëmgesat gëtt, wéi änlech Initiativen, déi sech net spezifesch u Leit mat Handicap riichten, wéi beispillsweis u Studenten.
D'Argument, dass Adaptatiounen eppes kaschten, kéint een esou net gëlle loossen, esou de Joël Delvaux. Well eng Persoun mat enger Aschränkung, déi awer d'Méiglechkeet kritt ze schaffen, am Endeffekt der Gesellschaft manner kascht, wéi eng Persoun, déi op Käschte vum Staat lieft.
"Wat braucht dir?"
Inclusioun wier kee Luxus, huet d'Autismus-Beroderin Joanne Theisen.
Dass Leit mat engem Handicap genee sou zur Gesellschaft solle gehéieren, ewéi Leit ouni Behënnerung, misst selbstverständlech ginn. Dass et antëscht an Unie Fraentoilette gëtt, géing haut och kee méi a Fro stellen.
Et geet net duer ze soen, dass Leit mat engem Handicap dobäi gehéieren, wann si dann awer net wierklech iwwerall kënnen dobäi sinn. Dacks géing et guer net ëm grouss Verännerunge goen, mee just ëm de Respekt an ëm d'Mat-Denken. Dëse Message hunn déi dräi Invitéeën ëmmer nees widderholl.
Eng ganz einfach Fro, déi d'Joanne Theisen immens gepräägt huet, ass wéi e Ministère si gefrot huet "Wat braucht dir?" Nëmmen am Dialog an am Respekt kéint eng richteg Inclusioun geschéien, doranner ware sech déi betraffen Invitéeën an eiser Emissioun Background eens. Zum Schluss wier et eng Fro vu Mënschlechkeet an eng positiv Entwécklung fir déi ganz Gesellschaft.
Wann Dir selwer Affer vun Diskriminatioun sidd, kënnt Dir Iech hei beim Centre d'Égalité de Traitement (CET) mellen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.