Wat seet LuxTrust, wat seet d'Bil selwer an zënter wéini a wat seet d'Police?

E ganze Koup Leit hu sech bei eis gemellt, well si Affer vun enger Fraude goufen a Sue vun hirem Kont bei der Bil ofgebucht kruten.
Déi Leit, déi sech bei eis gemellt hunn, déi krute vun der Bank gesot, et wier hir Schold, datt d’Suen ofgaange wieren, well si op engem falsche Site hire Luxtrust-Identifiant an hiert Passwuert aginn haten.
Virement un e frieme Kont, dee muss een normalerweis nach eemol iwwer LuxTrust confirméieren. Den Tim Pauly vun der Police, mengt, datt d’Leit dat vläicht onbewosst wéinst der Gesiichtserkennung um Telefon gemaach hunn, wéi se sech wollten an de Site aloggen.
"Dat ass eventuell méiglech, datt se doduerch, datt se den Handy jo dann no dobäi hu well déi meescht Leit wësse jo, datt se dann iergendwann iwwer LuxTrust Mobile bestätegen, datt dat ka sinn, wann een do derwidder kënnt oder et automatesch opgaangen ass, datt een iwwert de Face-Id relativ séier eng Bestätegung gëtt, obwuel een dat vläicht guer net esou bewosst wollt."
Am LuxTrust Mobile muss een awer trotzdeem emol op e Knäppchen "Akzeptéieren" drécken, fir eppes ze validéieren: E puer vun deene Leit, déi sech bei eis gemellt hunn, sinn iwwerzeegt, datt se dat net gemaach hunn.
Bei enger Koppel war schonn e Montant vun 9.000 Euro vum Compte ofgebucht, ier de Mann an der LuxTrust-Mobile-App e Virement konnt akzeptéieren. De Mann huet dee Virement dunn nämlech refuséiert. An du waren d’Sue schwupps nees um Kont.
Mir hu mat e puer Leit geschwat, déi sech sécher sinn, datt si déi Virementen, bei deenen dacks e Betrag vun 8.800 Euro ofgebucht gëtt, net iwwer LuxTrust validéiert hu respektiv si goufe guer net gefrot ze validéieren.
Gëtt et dann e Probleem mat LuxTrust?
Wéi RTL hinnen déi Fro wollt stellen am Zesummenhang mat de Bil-Clienten, wollte si sech net zeréckmelle fir en Interview. Si soen, meeschtens wieren d’Leit Schold, well si hir LuxTrust-Donnéeë wéi hei op engem falsche Site uginn. A bei hire reegelméissege Sécherheetsaudite wier ni eng Faille oder kompromettéiert Donnéeën detektéiert ginn.
Mee et hu sech och Bil-Cliente bei eis gemellt, déi mat anere Methoden ugeschmiert goufen. Ee vun hinne war virun annerhallwem Joer op en CNS-Phishing eragefall. An do hat hie wuel seng Kreditkaartennummer a säin Numm uginn. Mee ni seng LuxTrust-Donnéen.
Hie krut Sue vum Kont ofgebucht iwwer Virementen, net iwwer seng Kreditkaart. Hien wëll anonym bleiwen.
"Quand j’ai porté plainte et qu’on a fait les enquêtes avec la banque, ils m’ont confirmé que pour eux j’avais bien confirmé avec mes identifiants, donc ils étaient convaincus que c’était moi qui avais initié ces virements."
Also déi frauduléis Viremente goufe mat sengem LuxTrust confirméiert, obschonns hie seng Luxtrust-Donnéen net uginn hat. Genee esou seet hien dat. De Mann schafft selwer an am Finanzsecteur. Hien kennt sech also schonn e bëssen aus. D’Bil hätt dat deemools och zouginn, datt ee Probleem mat sengem Luxtrust-Zertifikat wier.
"Ils reconnaissaient bien que le certificat LuxTrust avait été compromis et ils m’ont tout de suite régénéré un nouveau LuxTtust que j’ai encore actuellement."
Ass do dann ee Probleem bei der Bil?
Et hu sech bis elo keng Clientë vun enger aner Bank bei eis manifestéiert. Mee mir hu bis elo och just iwwert d’Bil geschwat gehat, dat wëll also net onbedéngt eppes heeschen. Dofir wollte mer nach emol bei der Bank nofroen. Mee si war du net méi bereet, en Interview ze ginn. Si géifen hir Analyse weiderféieren, fir e bessert e Verständnis vun der Situatioun ze kréien. An hir Prioritéit wier et, d’Clienten ze schützen, hu si eis geschriwwen.
Apropos Clientë schützen: Hate si déi da gewarnt?
Dat war een anere Punkt, dee mer gäre mat hinne gekläert hätten. Déi Leit, mat deene mir geschwat hunn, sinn ebe rosen, well d’Bank se net direkt virun deene falschen Internetsitte gewarnt huet. Also si hunn op hirem – richtege -Site eng generell Warnung stoen, wou och vu falschen Internetsitte rieds ass. Mee datt de Moment akut eng Arnaque amgaange wier, dat steet do net.
Zanter wéini leeft déi Arnaque dann?
An eisen Temoignagë sinn déi éischt Leit schonn am Mee op esou e falsche Site eragefall. An déi lescht, d’lescht Woch. Dotëscht wier zwee an en hallwe Mount Zäit gewiescht, fir de Client konkret ze soen: Achtung, Achtung! Da wier vläicht am Juli kee méi do drop eragefall.
Well et schéngt e gewëssent Schema ze ginn. Déi Fraudë geschéien dacks weekends - net ëmmer, mee dacks. An dofir réit den Tim Pauly vun der Police de Leit, wa se net onbedéngt musse weekends keng Bankgeschäfter ze maachen.
“Well een do keng Méiglechkeet huet, u seng Bank ze kommen, déi Hotlinë funktionéiere meeschtens just an der Woch. Sou datt et vläicht méi rotsam ass, déi Saachen dann och an der Woch ze maachen, wou ee schnell kéint u seng Bank kommen oder iwwert eng Hotline nach Saache stoppen."
Owes a Weekends ass dat de 49 10 10 vu Worldline, also déi fréier Cetrel.
Den Tim Pauly ënnersträicht awer och nach emol, et soll ee just iwwert déi offiziell Appen op säi Kont goen, net iwwert eng Sichmaschinn no der Startsäit vum Netbanking sichen a ganz virsiichteg mam Face-ID ze sinn. An finalement ëmmer eng Plainte maachen, fir datt d’Police kann enquêtéieren an och den Iwwerbléck behält, wat lass ass.