D'Spuerkeess bitt der Chamber-Finanzkommissioun Erklärungen un

D'Spuerkeess wier bereet, Vertrieder vun der Direktioun, mä och technesch Experten an d’Kommissioun ze schécken.
D’Spuerkeess proposéiert der Finanzkommissioun vun der Chamber e Rendez-vous, fir no der Publikatioun vun der Amende vu 5 Milliounen Euro säitens der Finanzopsiicht CSSF op Froe vun den Deputéierten z'äntweren. Dat deelt déi staatlech Bank an engem Bréif un d’Chamber mat, deen ons virläit. D’Spuerkeess wier bereet, Vertrieder vun der Direktioun, mä och technesch Experten an d’Kommissioun ze schécken, heescht et weider.
D’Presidentin vun der Kommissioun Diane Adehm sot ons op Nofro hin, si géing versichen, eng Sitzung an der éischter Hallschent vu September z’organiséieren. Am Moment wieren ze vill Leit an der Vakanz a méi spéit am September de Programm ze chargéiert. D’Spezialkommissioun Caritas huet jo hir Aarbecht schonn ofgeschloss.
"Strukturell a systemesch Schwaachstellen"
D’CSSF hat an der Suite vun der 61-Milliounen-Euro-Fraude bei der Caritas eng Enquête bei der Spuerkeess a bei der BGL BNP Paribas gemaach. Bei der Spuerkeess goufen ënnert anerem "strukturell a systemesch Schwaachstellen" beim Iwwerpréiwe vun individuellen Dossieren detektéiert an dowéinst eng Amende ausgeschwat.
D’Spuerkeess behaapt zanter deem d’Amende ëffentlech bekannt ass, datt et kee Lien tëscht der Amende an der Fraude bei der Caritas géing ginn. Et ass och net un der CSSF ze beurteelen, ob Schwaachstellen oder Feeler d’Fraude erméiglecht oder vereinfacht hätten.
Déi Fro misst geriichtlech beäntwert ginn, mee ob dat geschitt, ass net gewosst. D’Caritas huet keng Plainte géint d’Banke gemaach an d’Spuerkeess huet schonn en aussergeriichtlechen Akkord proposéiert.
D’europäesch Zentralbank hëlt iwwerdeems nach d’Kreditlinnen ënnert d’Lupp, déi béid Banken der Hëllefsorganisatioun accordéiert hunn.