Wéinst Onkloerheeten an engem neien Trump-Dekreet verschéckt d'Post keng Päck méi iwwer de klassesche Wee an d'USA – et gëtt awer duerfir eng Alternativ.

Post Lëtzebuerg huet ugekënnegt, datt vum 23. August u keng Päck méi iwwer de klassesche Wee an d'USA verschéckt kënne ginn. Engem Communiqué no wier dëst d'Konsequenz vun engem US-Dekreet vum 30. Juli, deen d'Ofschafe vun der Taxe-Befreiung fir Päck mat engem Wäert vu bis zu 800 Dollar virgesäit.

Vum 29. August un ënnerleien deemno all Wueren – onofhängeg vum Wäert – den Taxen.

Wéi d'Post erkläert, wier et esou momentan "onméiglech", Päck an d'USA ze schécken, well déi technesch Detailer vum neie Reglement eréischt Mëtt August publizéiert goufen an nach ëmmer Onkloerheete bestinn. Och wann den Dekreet eréischt den 29. August a Kraaft géing trieden, huet d'Post decidéiert, vum 23. August u keng Päck méi unzehuelen, fir ze verhënneren, datt se net mat Zäiten duerchkéimen a sou blockéiert géife ginn.

Fir Clienten awer weider e Service unzebidden, schafft d'Post zesumme mam Partner DHL un enger Alternativ. Iwwer dëse Wee kënne Privatpersounen a Geschäftsclienten hir Päck weider an d'USA verschécken, ënnersträicht d'Post. Dës Optioun steet exklusiv an den "Espaces POST" an an de Postbüroen zur Verfügung, mee net an de "Points POST" bei Partner-Geschäfter.

D'Restriktioune betreffen iwwerdeems nëmme Päck, d'Verschécke vu Bréiwer an Dokumenter an d'USA bleift ouni Aschränkunge méiglech.

Net just Post Lëtzebuerg ass betraff vun dem Trump-Dekreet an den Onkloerheeten am neie Reglement, souwuel an der Belsch wéi och a Frankräich hunn déi lokal Post-Servicer decidéiert, bis op Weideres d'Verschécke vu Päck an d'USA ze suspendéieren.