Zanter e Freideg gëtt nees fir dräi Wochen um Glacis gejaut, gefeiert, giess a gedronk.

Zwou Milliounen Visiteure gi sech op der 685. Editioun vun der Schueberfouer erwaart, an déi kommen all mat Honger, Duuscht oder Loscht fir op déi sëllegen Attraktiounen ze goen. Bei sou ville Fouer-Gecken entstinn all Dag och grouss Quantitéiten Offall an en héijen Elektrizitéit-Verbrauch. Mee wéi steet et mat der Nohaltegkeet op der gréisster Kiermes an der Groussregioun? D’Céline Eischen huet nogefrot.

Nohaltegkeet op der Fouer - E Reportage vum Céline Eischen

Mam traditionellen Hämmelsmarsch e Freideg um 17 Auer war d’Fouer-Saison 2025 offiziell agelaut. Wéi een et vun de Kiermessen zu Lëtzebuerg kennt, ass och um Glacis fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt, ma wéi gëtt hei op d’Nohaltegkeet opgepasst? De Maurice Bauer, éischte Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg, erkläert, datt vill Efforten a Richtung Nohaltegkeet gemaach ginn.

Maurice Bauer:"Mir sinn amgaangen drun ze schaffen, wat natierlech fir en Event vun dëser Envergure ganz schweier ass. Mir hunn awer ganz kloer: D’Forrainen ginn just nach Saachen am Glas eraus oder a Cuppen déi ee mat enger Consigne duerno kann zréck ginn, dat evitéiert vill Plastik well mir welle keen one-way plastik méi hunn." 

Et wéilt ee mat de Forainen zesummen un enger nohalteger Fouer schaffen. Dofir huet den Ëmwelt-Service vun der Stad Lëtzebuerg och Guiden ausgeschafft, fir d’Ëmwelt-Efforte besser ze ënnerstëtzen.

Och wann de Wëllen an d’Ënnerstëtzung fir méi Nohaltegkeet do sinn, wier et schwiereg d’Ëmwelt-Efforten an engem temporäre Kader wéi der Schueberfouer ëmzesetzen. Dat erkläert eis de Gordon Braun, Responsabelen aus dem Stall:

Gordon Braun:"Mir sinn nëmmen 20 Deeg hei, et ass effektiv schwiereg, mee mir maachen eist Bescht. Dat geet vu recycléierten Zerwéiten bis hin zu Set’en déi recycléiert sinn. D’Iesse gëtt getrennt, de Plastik gëtt getrennt, all Forain ass op, fir do matzeschaffen, mee effektiv op der Fouer ass et net einfach."

De Glacis war bei der Ouverture scho gutt gefëllt. Um RTL-Mikro waren d’Visiteure sech eens, datt eng méi nohalteg Fouer an dësen Zäite wichteg wier. Vereenzelter waren esou guer bereet, fir nohalteg a lokal Produiten méi déif an de Portmonni ze gräifen.
 
Vum Maurice Bauer war et iwwregens och den Appell, beim Fouer-Besuch op den ëffentlechen Transport zréck ze gräifen. Och dat gehéiert jo zur Nohaltegkeet dozou.