Zu Wolz wäert et eng nei Koalitioun ginn. D'LSAP an d'DP hate scho lescht Woch an engem Communiqué annoncéiert, datt een an Zukunft zesummeschaffe wéilt.

Elo huet d'CSV an engem Communiqué reagéiert. Et hätt ee gären an der aktueller Koalitioun mat der DP déi erfollegräich Aarbecht virugefouert, mee dat wier wéinst interne Streidereie bei deene Liberalen net méiglech gewiescht. Déi zwee Conseillere wieren hirem eegene Schäffen direkt e puer Mol an de Réck gefall, andeems se mat der Oppositioun gestëmmt hätten. Dowéinst hätt ee Gespréicher mat der LSAP iwwert eng méiglech Koalitioun gefouert, ma et wier ee sech leider net eens ginn.

Wéi d'Nach-Buergermeeschtesch Carole Weigel RTL op Nofro hi confirméiert huet, wieren d'Meenunge bei der Besetzung vum neie Schäfferot auserneegaangen. Den aktuelle Schäfferot, an deem den Amel Cosic Schäffe fir DP ass, géing iwwerdeems net vu sech aus zerécktrieden. Et géing een elo fir d'éischt ee Budget preparéieren, a wann deen am Dezember verworf sollt ginn, géing een an deenen nächste Joren eng konstruktiv Oppositiounsaarbecht maachen. Datt LSAP an DP elo eng Koalitioun forméieren, obwuel et an deene leschte Joren aus de Reie vun der DP deels massiv Kritik un de Sozialiste gouf, géing weisen, datt et net ëm Inhalter geet, mee just dorëms, der CSV eng auszewëschen an un d'Muecht ze kommen, respektiv do ze bleiwen. Den 18. Dezember soll zu Wolz iwwert de Budget ofgestëmmt ginn.