"All Bréif, dee manéierlech formuléiert ass, kritt och eng héiflech Äntwert vun der Regierung", dat huet de Premier en Dënschdeg an der Froestonn betount.

An der Froestonn en Dënschdeg de Mëtteg wollt d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding wëssen, wisou bis elo keng Äntwert vun der Regierung koum op déi zwee Bréiwer vun LCGB an OGBL iwwer d'Suergen ëm d'Aarbechts- a Gesondheetspolitik vun der Regierung.

Selbstverständlech hätt hien déi Bréiwer krut, gelies a studéiert, mee se wieren ënnerschiddlecher Natur, sou de Premier. De Bréif un den Aarbechtsminister hätt hien net beäntwert, well e sech un der Form dovu stéiert an net déi richteg Wierder géif fannen. Wat den zweete Bréif betrëfft, wier et eppes ganz aneres, well et ëm den Inhalt vun der Politik geet. An do géif och selbstverständlech an den nächsten Deeg eng Äntwert kommen, sou nach de Luc Frieden.