Um CityBreakfast goung et e Mëttwoch ëm d'Liewensqualitéit an ëm d'Kriminalitéit an der Stad.

"Bal 40 Prozent vun der Kriminalitéit an der Stad ass leider op der Gare, dat ass Fakt an dat soen och d'Zuele vun der Police." Dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast. Och bei den Apéri'touren hätt sech confirméiert, datt d'Zefriddenheet vun der Liewensqualitéit vu Quartier zu Quartier ganz ënnerschiddlech ass. Am Duerchschnëtt wier ee bei 75 bis 83 Prozent gewiescht, op der Gare just bei 52 Prozent, sou d'Lydie Polfer weider.

D'Lydie Polfer iwwer d'Zefriddenheet mat der Liewensqualitéit an der Stad