
De Marco Mille um Cover vum Télécran: Iwwert de Geheimdéngscht an de Bommeleeër hat hien dem Wochemagazin Ufank 2008 (Nummer 11/08) een Interview ginn.
De Marco Mille, de fréiere Chef vum Geheimdéngscht, huet sein eegene Chef, de Premier Jean-Claude Juncker mat enger truckéierter Auer ofgelauschtert.
Dat war am Fréijoer 2008, de Premier ass et 2009 eréischt gewuer ginn. De Marco Mille, de fréiere Chef vum Geheimdéngscht, huet säin eegene Chef, de Premier Jean-Claude Juncker, mat enger truckéierter Aarmbandauer ofgelauschtert.
Dëse Virgank explizéiert, firwat de Marco Mille de SREL [Service de renseignement de l'Etat] am Dezember 2009 esou stënterlech an Direktioun Siemens verlooss huet.
D'Explicatioun war deemools, de Marco Mille wier op eegene Wonsch an d'Privatindustrie gewiesselt. Deemools war dee Wiessel eng Iwwerraschung.

Wer hat an der Uhr gedreht? De Premier Jean-Claude Juncker gouf vum eegene Geheimdéngscht ofgelauschtert ... mat enger Auer. / © AFP (Archivbild)
De Premier Jean-Claude Juncker huet RTL dee Virgank confirméiert a gesot, dat wier inacceptabel gewiescht an hien hätt sech dem Wonsch vum Marco Mille ze goen awer och iwwerhaapt net widdersat ...