D’Deputéiert Xavier Bettel, Lucien Lux a Jean-Louis Schiltz sinn, op Propositioun vun der Regierung, an de Verwaltungsrot vun der CLT-UFA opgeholl ginn.

Déi 3 Fraktiounschefe goufe fir 1 Joer genannt an ersetzen d’Colette Flesch, de Raymond Kirsch an de René Steichen. De fréiere Premier Jacques Santer bleift fir säin Deel e weidert Joer un der Spëtzt vum Conseil d’administration.