Fir den ADR-Députeierte Gast Gibéryen ass et definitiv esou, datt de Referendum iwwert d'Verfassungsreformen net virun de Chamberwahle kënnt.

Dat nodeems sech de Claude Wiseler e Samschdeg festgeluecht hätt, datt d'CSV sech net géing hetze loossen. Et géif een awer proposéieren, datt virun de Wahlen zwee Artikele géifen geännert ginn. Deen iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch an deen iwwert den Déiereschutz.
Den ADR begréisst di aktuell Diskussioun ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch. Duerch den Erfolleg vun der Petitioun wier een net méi di eenzeg Partei, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch ausernaner géing setzen, esou de Gast Gibéryen. D'Regierung dierft awer elo net nëmme schwätzen, ma och handelen. D'Ukënnegung vum Claude Meisch, Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkennen ze loossen, misst een och ëmsetzen.

Et misst een och op de Wee goen, Gesetzer, déi een am Alldag brauch, op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen, och wann dëst dauere kéint. Wichteg Texter missten och an der Mammesprooch virleien.

Sektoriell Fräihandelsaccorden

Fir TTIP gëtt et ee klore Neen, bei deem wat elo virleit a gewosst ass. Et misst een awer déi transatlantesch Bezéiungen stäerken, an dat eventuell sektoriell. Och bei CETA wéisst een nach net, wat um Enn definitiv erauskënnt, inhaltlech kéint een deemno nach net Positioun bezéien, et wier awer kloer, dat di national Parlamenter misste mat abezu ginn, esou de Fernand Kartheiser.

AUDIO: De Fernand Kartheiser

Trennung Kierch a Staat

Den ADR ass géint de Gesetzprojet, dee vum Inneminister Dan Kersch proposéiert gouf fir ze regelen, wien d'Kierche gehéieren. D'Gemenge misste kënne fräi entscheeden, wien Ënnerstëtzung kritt. D'Gemengenautonomie géif blesséiert ginn, wann dës d'Kierche net méi finanziell kéinten ënnerstëtzen.

Et ass een och géint ee Fong, wou de Patrimoine vun der kathoulescher Kierch regroupéiert ginn. Den Inneminister misst endlech mam Syfel schwätzen.

Neen zu Steierreform

Den ADR stëmmt an der Chamber géint d'Steierreform, och wann Elementer dobäi wieren, déi ee begréisst. Duerch d'Reform géifen d'Leit nëmmen dat erëm kréien, wat se virdrun ewechgeholl kruten. D'Steierreform géif virop déi di gutt verdéngen entlaaschten, esou de Roy Reding.