
Nodeems de Minister am RTL-Interview am August gesot huet, et misst ee sech méiglecherweis mat de Sozialpartner d’Fro stellen, ob de Kollektivcongé am Summer am Bausecteur nach zäitgeméiss war, goufen et eng Partie parlamentaresch Froen zum Sujet. D’LSAP hat den Aarbechtsminister dofir an d’Kommissioun geruff, wou de Georges Mischo ënnerstrach huet:
“Ech hunn net vu reforméiere geschwat oder datt ech et géif ofschafen. Mee wann Handlungsbedarf do wier, sinn ech bereet, mat de Sozialpartner driwwer ze diskutéieren, well si de Kollektivcongé diskutéieren an nei verhandelen.”
Et wier weder am Koalitiounsaccord riets dovun, nach wier et Regierungskompetenz, huet de Georges Mischo nach betount. Eng Ausso, déi den LSAP-Deputéierte Georges Engel komesch fënnt:
“Wann ee seet, ech hu keng Kompetenz dran an et seet een awer, wann d’Sozialpartner wëllen diskutéieren, schwätzen ech gär mat: Entweder et huet een d’Kompetenz oder et huet ee keng. Wann ee keng huet, brauch een d’Sozialpartner och net ze begleeden, déi si grouss an al genuch, fir dat selwer ze kënnen.”
Den Interview am August hätt een dem LSAP-Deputéierten no kënnen esou interpretéieren. datt de Minister de Kollektivcongé wéilt reforméieren. An der Aarbechtskommissioun hätt en awer kloer gesot, datt en dat net wéilt an dat begréisst de Georges Engel.