"Don't forget us" fuerdert korrekten AsazAbus bei Chèque repas mécht op d'mannst ëm 50 Milliounen Euro d'Joer aus

RTL Lëtzebuerg
Rose mécht d'Associatioun, datt een d'Regierung schonn zanter leschtem Joer op de Problem opmierksam mécht, mä keng Reaktioun komm wier.

Korrekten Asaz vu Chèque repas gefuerdet / Diana Hoffmann

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hu vill Betriber gestruewelt. Finanziell Abousse wéinst de Covid-Mesuren; Hëllefen, déi net oder eréischt spéit komm sinn a lo nach d’Explosioun vun den Energiepräisser. Dobäi ginn et nach Pisten, iwwer déi d’Regierung dem Horeca-Secteur kéint hëllefen, seet d’Associatioun “Don’t forget us”, déi Enn 2020 gegrënnt ginn ass, fir de Patronen aus dem Secteur ze ënnerstëtzen.

D’Pandemie huet 2 Joer gedauert, an do hätt et vill op an of ginn an et wier vill Krisemanagement gefuerdert gewiescht, seet de Jean-Claude Colbach, President vun “Don’t forget us”. An elo kéim nach d’Explosioun vun de Präisser dobäi, soudatt ëmmer manner iwwereg géing bleiwe vun de Suen, déi erakommen. Schliisslech kéint een net alles un d’Clientë weiderginn, déi souwisou zanter der Pandemie och vill hir Gewunnechte geännert hätten a manner dacks géinge kommen. D’Hëllefe vum Staat kéimen dann heefeg immens spéit, seet de Jean-Claude Colbach. Vill Betriber hätte guer keng Reserven oder souguer Scholden:

“Do gëtt et vill Societéiten, deenen d’Waasser bis zum Hals steet. An et wier jo domm, wann déi muer net méi kéinte weiderschaffen. Da wieren déi Aiden, déi déi lescht 2 Joer gefloss sinn, ëmsoss gewiescht. Mee et geet ville grousse Societéite ganz schlecht den Ament.”

Besonnesch kritiséiert hien, datt déi éischt Méint vun der Pandemie, tëscht Mëtt Mäerz bis Ufank November guer keng Aiden un d’Betriber aus dem Horeca-Secteur gefloss wieren.

Ech erënneren un de Statement, mer loosse keen am Reen stoen. Déi éischt 8 Méint si mir alleguerten am Reen stoe gelooss ginn. D’Salariéë kruten e Chômage an dat war et schonn. Mer hate keng Hëllefen zegutt, déi sinn eréischt am November komm. Verschidde Ministeren hu gemengt, mat breede Schëllere géing een dat packen, mee dat kann een net.”Dofir wënscht hie sech, datt nach eng Kéier géing iwwert déi éischt Méint vun der Pandemie diskutéiert ginn. Well et wieren déi, déi géingen an dem Chiffre d’affaires feelen, fir datt d’Betriber aus hire Scholden erauskéimen. A villen Nopeschlänner wieren esou Hëllefe réckwierkend accordéiert ginn, mee net zu Lëtzebuerg.

Et géing awer eng einfach Mesurë ginn, mat där de Restaurateuren a Cafetieren op d’mannst e bëssi hätt kënne gehollef ginn, mengt den Affekot Frank Rollinger, deen Don’t forget us vertrëtt. Nämlech iwwert d’Kontroll vun der Notzung vu Chèque-repasen. Déi géingen nämlech dacks falsch genotzt ginn.

“Déi héchsten Infraktioun, déi mir lo selwer konnten an deem Domaine constatéieren, ass eng wou fir bal 1.500 Euro e Computer an informatescht Material kaaft ginn ass.”

Et geet een dovunner aus, datt de Marché vun de Chèque repas ëm 140 bis 150 Milliounen Euro d’Joer läit, an iwwer 50 Prozent dovunner net fir Liewensmëttel agesat ginn. De Frank Rollinger rechent, datt souguer wann et just een Drëttel ass, dee falsch agesat gëtt, dat ëmmer nach eng Zomm vu 50 Milliounen ass. Et hätt een d’Regierung och schonn drop higewisen, passéiert wier awer zanterhier näischt. Elo wëllt ee reagéieren. De Frank Rollinger erkläert wisou:

“De Restaurateur kritt Chèque repas eran. Wa 50 Prozent net bei de Restaurateur kommen, da feelen déi. An dat sinn och déi Suen, déi mer iwwert déi Plainte wëlle froe goen. Géint déi Leit, déi sech net u Spillreegelen halen. Mer sinn eis bewosst, datt eenzel Employeure sech dat alles net sou bewosst sinn. Déi kënne mer och guer net identifizéieren. Mee déi, déi ze identifizéiere sinn, vu datt op den Tickete ganz kloer steet, mat wat wat bezuelt ginn ass. Dat sinn all déi grouss Acteure vun der Distributioun an déi mussen elo hei einfach zur Verantwortung gezu ginn.

Well d’Chèque-repase steierfräi sinn, mécht ee sech bei enger falscher Notzung ënner anerem wéinst Abus de confiance strofbar, wat en Delit ass. Geschäfter oder grouss Surfacen, déi d’Chèque repas fir aner Saache wéi Liewensmëttel unhuelen a sech dann d’Geld dofir ausbezuele loossen, kënnen dann och nach wéinst Blanchiment ugeklot ginn.

Den 10. Februar hat RTL mat verstoppter Kamera e Reportage gemaach. Hei haten 2 RTL -Journaliste probéiert divers Saache mat Chèque repas ze kafen, wat hinnen och gelongen ass. D’Regierung hat schonn den Dag drop reagéiert mat der Annonce, d’Reglement vu Chèque repas nach dëst Joer ze iwwerschaffen.

Back to Top
CIM LOGO