
Chamberwalen
Vergiesst net, dëse Sonndeg gëtt gewielt. Wat Dir alles zu de Wale wësse musst a wéi gutt dir informéiert sidd, dat kënnt Dir testen an eisem Wal-Quiz. All Nouvellë fannt Dir och op eisem Wal-Site.
ADHS keng Moudekrankheet
Dat sot d’Cathy Mangen vum SCAP an eisem Invité vun der Redaktioun. 3 bis 6 Prozent vun de Kanner zu Lëtzebuerg solle vum Opmierksamkeet-Defizit-Hyperaktivitéits-Syndrom betraff sinn. D’Demande un Hëllef ass grouss, mee Waardezäiten zu Lëtzebuerg och laang.
Vermësste Fra dout opfonnt
Déi zanter leschter Woch vermësste Fra gouf elo dout opfonnt. D’Ermëttler koumen zur Konklusioun, dass de Mann eppes mat der Dot ze dinn huet. Dësen huet et zouginn an den Ermëttler verroden, wou de Kierper läit. Et gëllt weiderhin d’Onscholdsvermuddung.
Wand oder Waasser?
Beim Waasserwirtschaftsamt gesäit ee Waasserkraaftwierker wéinst hirem ökologeschen Impakt éischter kritesch. Et geet een dervun aus, datt am Joer 2030 bei engem Waasserkraaftwierk 3.668 Euro pro Kilowatt ufale wäerten. Bei der Wandenergie géif ee Kilowatt just 1.344 Euro a bei der Photovoltaik esouguer nëmmen 817 Euro u Produktiounskäschte verursaachen.
Alldag an der Ukrain
Eise Journalist Jeannot Ries war eng Woch mam Roude Kräiz an der Ukrain ënnerwee. Seng perséinlech Andréck, d’Virbereedung vun den Ukrainer op en haarde Wanter a wou d’Spenden an der Ukrain ukommen: Dat alles hei.
Am Futtball
De Gerson Rodriegues an den Olivier Thill sinn zeréck am Kader vun de Roude Léiwen. D’EM-Qualifikatioun wier eng exzeptionell Situatioun, dofir hätt de Luc Holtz entscheet, si nees opzehuelen.
Nei Reegele fir Airbnb&Co
Wie seng Wunneng op “Sharing-Economy-Plattformen” wéi beispillsweis Airbnb ubitt, muss zënter dem 1. September nei gesetzlech Reegele respektéieren.
Elon Musk rëm ganz aktiv
De President Selenskyj wier süchteg no Geld aus dem Ausland, dat schreift de Chef vum fréieren Twitter. Dës weideren deelt hie Messagen, wou déi däitsch AfD gelueft gëtt an de Musk, dee selwer Migrant ass, verweist drop, dass d’USA all d’Migranten aus Zentral a Südamerika net géif packen.
Logementsproblem net nëmme mat Mindestloun
Eng Koppel, allebéid Enseignant a mat gudder Pai, kënnt finanziell un hir Limitten. Viru bësse méi wéi zwee Joer hu si entscheet, en Haus ze bauen. Ma Zënsen, déi explodéieren an en Appartement, wat si wéinst der aktueller Situatioun net verkaf kréien, bréngt si un d’Struewelen. De ganzen Temoignage hei.
Busongléck
An der italieenescher Stad Venedeg koum et zu engem schwéieren Accident. E Bus ass vun enger Bréck gefall. Dobäi sollen op d’mannst 20 Persoune gestuerwe sinn.
Organiséiert Methodik?
Ex-CEO vun Abercrombie & Fitch soll Männer sexuell mëssbraucht hunn. Dem Mike Jeffries gëtt virgehäit Männer ausgenotzt ze hunn, op Sex-Events matzemaachen.
An Zack an de Kino
Den alleréischte Lëtzebuerger Western feiert seng Première. Bis den 20. Oktober kann een de Film nach mat der Presenz vun de Schauspiller gesinn. Duerno leeft en da fir de Public am Kino.