
Vun der Waasserverwaltung heescht et géint 8.30 Auer, datt een den Ament net domadder rechent, datt d’Waasser vun der ieweschter Uelzecht an der ënneschter Sauer nach vill klëmmt. D’Peegele vu béide Flëss bleiwen awer op engem méi héijen Niveau. Et ass een antëscht awer do nees zréck op engem Niveau vu préalerte. E klengen Héichwaasserrisk bleift bestoen.
Zanter e Freideg den Owend 19.30 Auer an an der Nuecht kruten d’Rettungsdéngschter nach emol 94 Appeller wéinst dem Héichwaasser. 17 Kelleren hu missen ausgepompelt ginn an op 17 Plazen ware Beem respektiv Äscht op d’Strooss gefall. Am Ganze waren d’Ekippe vum CGDIS 199 Mol wéinst dem Héichwaasser am Asaz. Eng 800 Appeller sinn déi lescht 24 Stonnen erakomm. Alles an allem waren 49 Gemenge vum Héichwaasser betraff. Et ass kee Mënsch zu Schued awer komm.
Och d’Police war déi lescht Nuecht vill gefrot, ganzer 50 Accidenter goufen an der Nuecht op e Samschdeg gemellt. Dat ënnert anerem wéinst dem Wieder, iwwerschwemmte Stroossen an ëmgefall Beem. An de meeschte Fäll wier et awer beim Materialschued bliwwen.
Besonnesch kritesch war d’Situatioun ëm d’Uelzecht. An der Stad am Pafendall, zu Steesel an zu Miersch. Op deenen dräi Plazen ass de Floss iwwert d’Cote d’alerte rausgaangen. D’Héchststänn goufen e Freideg den Owend respektiv an de fréie Moiesstonnen erreecht. Am Pafendall geet d’Waasser zanter e Freideg 21 Auer zeréck. An der Stad hat ënnert anerem d’Eecher Plaz zäitweis misse gespaart ginn, well se ënner Waasser stoung.
Wéi d’Stad Lëtzebuerg e Samschdeg de Moie kuerz virun 9 Auer matdeelt, wäerten d’Stroossen, déi wéinst dem Héichwaasser gespaart waren, vun 10 Auer u rëm fir de Verkéier op wäerte sinn an domat och d’Busser erëm nom normalen Horaire fueren. D’Foussgängerweeër laanscht d’Uelzecht, souwéi de Vëloswee PC1 wäerte weiderhin zoubleiwen.
D’Sauer hirersäits klëmmt fir den Ament liicht weider. Et gëtt allerdéngs erwaart, datt se zu Dikrech an och zu Bollenduerf beispillsweis net iwwert d’Cote de préalerte erausgeet. D’Autoritéite ginn dovunner aus, datt d’Waasser just nach bis e Samschdeg de Moie klëmmt, fir duerno zréckzegoen. Och d’Mamer, Syr an déi wäiss an déi schwaarz Äerz hunn de ville Reen e Freideg net ganz gepackt a sinn plazeweis aus hiren Bett gaangen.
Op der Musel war d’Phas de vigilance réischt e Freideg den Owend ausgeruff ginn. Op der Musel gëtt et nach keng komplett Entwarnung. Der Waasserverwaltung no deit déi meteorologesch Situatioun op e potenzielle Risiko vun Héichwaasser hin. Deemno ass ee bei der Waasserverwaltung a Bereetschaft. Op der Héicht vu Stadbriedemes hunn d’Peegele wuel an der Nuecht op e Samschdeg hiren Héchststand mat 5 Meter 32 erreecht. Eventuell Problemer maachen awer d’Niveaue vun der Saar. Déi verursaachen en zousätzleche Réckstau an der Musel. Den Impakt ass awer schwéier virauszesoen, esou d’Waasserverwaltung. D’Waasserstänn zu Waasserbëlleg kéinten deemno däitlech méi héich ginn ewéi berechent. Et misst mat Iwwerschwemmunge gerechent ginn. D’Ekippe vum CGDIS wären dowéinst alarméiert.