
• Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt agestuuft.
• Et si vun Däitschland weder Grenzschléissungen nach Grenzkontrollen agefouert ginn. A kee Bundesland verbitt et Leit, déi aus Lëtzebuerg kommen, anzereesen.
• An der Praxis sinn och d'Quarantän-Moossnamen, déi d'Bundeslänner fir déi Länner virgesinn, déi als Risikogebitt agestuuft sinn (sou wéi Lëtzebuerg), keen absolut Hindernis, fir kënnen an Däitschland ze reesen.
• Grouss Kategorië vu Leit si ganz vun enger Quarantän-Flicht entbonnen. An all Bundesland ass dat liicht anescht, mä et ass emol ervirzehiewen, datt déi däitsch Frontalieren aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland net dovu betraff sinn. Och fir vill aner Trajeten, déi als "essentiell" ("triftig") ugesi ginn, ginn et jee no Bundesland offiziell Ausnamen, an Rheinland-Pfalz z.B sinn dat besonnesch fir Studenten, Leit, déi wëlle Familljemembere besichen goen oder bei medezinescher Noutwendegkeet.
• An all Bundesland ass och d'Duerchrees ëmmer erlaabt.

• Ganz wichteg ass ervirzehiewen, datt och all déi Leit, déi net an eng vun deenen Ausname-Kategorië falen, trotzdeem dierfen eng Rees an Däitschland maachen, ouni Obligatioun an eng Quarantän ze goen, wa se en Certificat vun engem Dokter ("ärztliches Zeugnis") virweise kënnen, dat sech op en negativen molekularbiologeschen Corona-Test baséiert, deen net méi al wéi 48 Stonnen (virun der Arees an Däitschland) däerf sinn. Den Certificat an däitscher oder englescher Sprooch muss fir 14 Deeg gehale ginn.
• Fir Residenten aus Däitschland, déi op Lëtzebuerg kommen, ass et méi schwéierfälleg. Mä och do ginn et Ënnerscheeder tëscht Bundeslänner. Esou kënnen Däitscher aus Rheinland-Pfalz 72 Stonnen zu Lëtzebuerg bleiwen, ouni mussen an Quarantän ze goen, wa se nees zréck heemfueren. Am Saarland leeft eng Diskussioun, fir déi Limitt op de selwechten Niveau ze hiewen. Fir Leit aus Baden-Württemberg, Bayern, Hamburg a Schleswig-Holstein ass déi Limitt bei 48 Stonnen Openthalt.
• Generell kënne mir net ausschléissen, datt déi Bestëmmunge vun de verschiddene Bundeslänner änneren. Virun engem Depart an Däitschland, soll ee sech op den offizielle Websitte vun de jeeweilege Bundeslänner informéieren.
Jean Asselborn
16.07.2020
Wéinst villen Neiinfektiounen: Keng Arees méi an Däitschland ouni Quarantän oder valabele Grond