
“Ech hu keng Wieder fonnt. Dat war surrealistesch. Ech hunn nach ni esou eppes erlieft.”, sou d’Reaktioun vum Ausseminister Xavier Bettel.
Den Eclat wier schlëmm gewiescht. Europa misst déi Leit awer nees un den Dësch kréien. An Europa misst och weisen, datt et weider solidaresch wier mat der Ukrain. Wat awer net géif heeschen, géint Amerika ze sinn. Et wier net deen een oder deen aneren. Den Donald Trump wier jo och nach bal véier Joer President. Dowéinst hätt ee besser, e gemeinsamen Nenner ze fannen:
“Haut si jo eng Rëtsch europäesch Leaderen - wann ech mech och net ieren, ass de kanadesche Premierminister do. Do ass et wichteg, dass een do gemeinsam Positiounen ausschafft, fir dass mer, wann dës Woch elo och e Conseil zu Bréissel ass, och do e gemeinsamen Nenner ze fannen. Et héiert ee jo och schonn, dass do deen een oder deen aneren probéiert, do eeben Zizani ze bréngen an eeben Desaccord, den Ungarn, normalerweis mécht de Slowak dann och hannendru mat. An do ass et wichteg, dass esou vill Länner wéi méiglech do sinn, fir ze soen: ‘mir si solidaresch mat der Ukrain.’ Awer keng Aktioun géint Amerika. Ech insistéieren op deen dote Punkt, well wa mir elo d’Gefill ginn, dass mir alleguerten eppes maachen, well mer géint Amerika wëlle goen, dat ass net gutt, well dat hëlleft eis net a virun allem et ass nach eng laang Zäit. Den Här Trump ass nach dräi Joer an zéng Méint President.”
E wier awer en imprevisibele Partner, dat hätt ee bis ewell net kannt. Dowéinst misst een elo eegen Äntwerten hunn, wou ee bis elo geduecht hätt, datt d’USA Deel vun der Äntwert wieren. Elo wier et wichteg, datt gemeinsam Positiounen an der EU a mat esouvill Länner ewéi méiglech fonnt ginn. An et misst een och Russland nees mat u Bord kréien an am Beschten och China.
Sécher wier vill Porzeläin zerschloe ginn. Dee misst een elo eben nees zesummepechen. Well de russesche President Putin wier deen eenzegen, dee sech den Ament kéint freeën. An dee wier wuel och selwer iwwerrascht, a wéi wäit den DonaldTrump him entgéint kënnt.
D’Lëtzebuerger Arméisministesch Backes seet, et wier natierlech ganz beonrouegend wann e President viru lafender Kamera esou humiliéiert gëtt. Et géif weisen, wéi wichteg et ass, datt Lëtzebuerg weider mat senge Partner u senger Defense schafft. Elo misst een antizipéieren, méi séier a besser zesummeschaffen, fir eng besser national an europäesch Defense awer och déi mat den NATO-Partner. Iwwerdeems ass et d’Fuerderung vun der Verdeedegungsministesch op der richteger Säit vun der Geschicht ze stoen:
“Jo, ech mengen dat ass scho ganz beonrouegend, wann en anere President esou humiliéiert gëtt viru lafender Kamera, dat mécht engem scho Suergen. Mir schaffen zu Lëtzebuerg natierlech mat eise Partner weider un eiser Verdeedegung, dat huet net eréischt säit gëschter ugefaangen, mee ech mengen, mir gesinn all, dass mer dat wierklech mussen antizipéieren, méi séier schaffen, nach besser zesummeschaffen, fir eis eege kollektiv an national Verdeedegung vun eisem Land an innerhalb vun der Europäescher Unioun an och mat den NATO-Partner zesummen. Mir mussen op der richteger Säit vun der Geschicht sinn.”
Lëtzebuerg hätt elo 80 Joer Liberatioun vun onsem Land gefeiert. Deemools hätte mir Partner gebraucht, haut wier d’Ukrain an deem Fall. Dowéinst misst een d’Land weider ënnerstëtzen. Nom Eclat am Oval Office hätte jo och direkt ganz vill europäesch Partner gewisen, datt se dat wëlle maachen.
Lëtzebuerg misst kucken, wat ee ka maachen a wat ee nach méi ka maachen. D’Amerikaner missten hir Responsabilitéit iwwerhuelen a mir eis. Et wier awer wichteg, weider gutt mat den USA zesummenzeschaffen. Si wieren e wichtege Partner, an d’Lëtzebuerger Arméisministesch Backes hofft, datt dat esou bleift, och wa sech den Ament vill Froe stellen.
Quasi all d’europäesch Regierungscheffen hu sech nom Eclat am Wäissen Haus hannert de President Selenskyj an d’Ukrain gestallt. Och d’Lëtzebuerger Politik. Den Toun ass kloer: Et geet hei ëm d’Zukunft vun Europa. An dowéinst misst een sech esou séier ewéi méiglech militäresch stäerken.