Dacks gëtt ze laang gewaartBei Symptomer vun engem Schlag direkt den 112 ruffen

RTL Lëtzebuerg
D’Leit hei zu Lëtzebuerg kommen dacks spéit no engem Schlag, Stonnen no den éischte Symptomer.
Weltdag vum Schlag
D’Leit hei zu Lëtzebuerg kommen dacks spéit no engem Schlag, Stonnen no den éischte Symptomer.

Dat ass de Constat vum Urgentiste Dr Emile Bock vum Spidol um Kierchbierg a sengem Kolleeg dem Neurolog Dr Adrien Verstraete.

De Problem: All Minutt, déi nom Schlag vergeet, verléiert dee Betraffenen 2 Milliounen Neuronen, erkläert den Dr Bock.

«Éischtens mol d’Therapie, déi mer kënnen asetzen, ass un d’Zäit gebonnen an den Handicap ass méi grouss, wat een duerno méi Sequellen huet»

Unzeeche fir e Schlag si Lämungen. Sief et am Gesiicht, vun engem Aarm oder engem Been awer och eng ganz Kierper-Hallschecht ka betraff sinn. Dobäi kommen dacks Problemer mat der Sprooch. Awer och Schwindel, Problemer mam Gläichgewiicht an der Vue gehéieren zu de méigleche Symptomer.

Fir d’Chantal Keller, Presidentin vun der ASBL Blëtz, ënnerscheeden d’Symptomer sech kloer vun engem Alldags-Bobo. «Firwat heesche mer Blëtz? Majo well et aschléit wéi e Blëtz! Vun engem Moment op deen anere geet ären Äerm guer net méi. En hänkt erof. Dir kënnt guer net méi schwätzen.»

Bei engem oder méi vun de Symptomer sollt een net zécken an direkt den 112 uruffen. Wa méiglech den Zäitpunkt vum éischte Symptom notéieren a seng deeglech Medikamenter apaken. Op kee Fall selwer mam Auto fueren oder sech an d’Spidol féiere loossen. D’Ambulanz kënnt séier a warnt d’Spidol och scho vir, datt alles a jidderee prett ass an der spezialiséierter «Stroke unit», fir de Patient direkt ze behandelen.

Invité vun der Redaktioun - Chantal Keller: “All Dag kréie véier Leit hei am Land e Schlag”

Back to Top
CIM LOGO