ClierfBei Tarkett GDL gouf e Sozialplang ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
De Gewerkschaften ass et gelongen, en Drëttel vun den Aarbechtsplazen, déi menacéiert waren, ze retten, esou den OGBL an engem Communiqué.

Tarkett, e Produzent vu Buedembelag, hat Enn Abrëll annoncéiert, datt se 126 vun de 562 Salariéen zu Clierf wéilt entloossen. Elo wäerten et just 91 Entloossunge ginn. Dem OGBL nohttps://download.rtl.lu/2024/05/14/98026b9d632f25a8a182d7d894bb78a0.docxkéint déi Zuel an den nächste Wochen nach weider erofgoen, well Eenzeler vun enger Préretraite-ajustement kéinte profitéieren an et kéint nach zu fräiwëllegen Departe kommen, well dës finanziell géinge belount ginn.

De Sozialplang gesäit donieft ënnert anerem och nach eng Garantie d’emploi fir all déi aner Beschäftegt vun Tarkett vir an zwar bis Enn 2026.

Back to Top
CIM LOGO