
Am Prozess ëm Detournementer bei der CNS huet d’Cour d’appel de Sursis fir déi Beschëllegt erop- an d’Geldstrofen erofgesat, a bei engem Concernéierten ass et en Acquittement ginn.
Domat koumen déi véier Beschëllegt am Appellsprozess alleguer besser ewech, wéi an éischter Instanz. Fir dräi Ugeklote goufen et manner héich Prisongsstrofen a fir en aneren ugeklote Mann ee Fräisproch.
Déi fest Prisongsstrofen aus éischter Instanz goufen am Appell op zwee bis dräi Joer feste Prisong reduzéiert. Een Ugeklote gouf, wéi gesot, fräigesprach. Donieft sinn d’Geldstrofe fir déi dräi Verurteelt och erofgesat ginn, dat op all Kéier 2.000 Euro.
Fir déi haaptinculpéiert Fra heescht dëst lo, datt si dräi Joer fest muss an de Prisong an 2.000 Euro Strof muss bezuelen.
Dës Fra hat d’CNS wärend 10 Joer bis 2019 ëm iwwer 2 Milliounen Euro geschiedegt, andeem d’Salariéen am CNS-System Remboursementer aginn hat, fir Rechnungen, déi net existéiert hunn.