
Wéi d’Noutstruktur am November zejoert nees hir Diere fir sechs Méint opgemaach huet, hat den DP-Familljeminister Max Hahn annoncéiert, datt Beneficiairen, déi net op d’mannst zanter dräi Méint am Land sinn, d’Noutstruktur mussen no dräi Deeg verloossen. D’CCDH fuerdert an engem Schreiwes, dee Krittär fir déi nächst Wanteraktioun nees ofzeschafen.
D’Regierung dierft den humanistesche Charakter vun der Wanteraktioun net a Fro stellen, schreift déi consultativ Mënscherechtskommissioun. Wien een Daach iwwer dem Kapp kritt, dierft net vun engem administrative Krittär ofhänken, esou den Affekot an Auteur vum Schreiwes, Frank Wies, bei eis am Interview:
“Déi Aktioun déi ass jo och gegrënnt ginn aus engem ganz einfachen humanistesche Beweeggrond: ‘Kee soll dobausse fréiere respektiv, kee soll erfréieren, just well e keen Daach iwwert dem Kapp huet.’ An dee Prinzip gëtt hei och dann e bëssen nuancéiert, andeems gesot gëtt: ‘jo mee Verschiddener, déi kommen awer elo net méi esou ouni Weideres eran.’”
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun stéiert sech och dorunner, datt d’Beneficiairë scho musse vun enger sozialer Struktur en charge geholl gi sinn, fir iwwerhaapt kënnen ze beweisen, datt se schonn op d’mannst dräi Méint am Land sinn.
“Do hu mir eis da scho Mol direkt spontan gefrot: ‘wat ass da mat deenen, déi elo net vun enger ONG wëllen en charge geholl ginn an déi trotzdeem awer scho méi laang am Land sinn?’ Déi fale jo awer dann och duerch d’Raster.”
Als Grond fir déi méi streng Krittären huet de Familljeminister Max Hahn déi héich Unzuel un Nei-Aschreiwungen an der Wanteraktioun genannt. Déi géinge mëttlerweil 70 Prozent vun allen Aschreiwungen ausmaachen. Den DP-Minister hat viru “Sozialtourimus” gewarnt. Dat wier komplett inappropriéiert, fënnt de Frank Wies vun der CCDH:
“Mir wëlle lo net a Fro stellen, datt vläicht Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen, an der Hoffnung, datt se hei en Daach iwwert dem Kapp kréien. Ech mengen, mir schwätzen da vu Leit, déi vum Tourismus wierklech meilewäit ewech sinn. Also do ass et wierklech schonn zynesch, fir esou e Wuert ze benotzen.”
Wann een iwwerhaapt ee Krittär géing aféieren, fir den Accès zu der Wanteraktioun ze limitéieren, da misst dat dee si vun der Vulnerabilitéit, schreift déi consultativ Mënscherechtskommissioun. An deem Fall misst awer och ee medezinesche Suivi siwen Deeg op siwen an der Noutstruktur um Findel garantéiert sinn, präziséiert de Frank Wies.
Änlech Kritik un deene méi strenge Krittären an der Wanteraktioun, gouf et iwwregens och schonns am November zejoert vun der Associatioun “Solidaritéit mat den Heescherten”. Wann et drëms geet, een Daach iwwert dem Kapp ze hunn, wärend de kale Wanterméint, dann dierft keen Ënnerscheed tëschent de Sans-Abrie gemaach ginn.