
Nieft der nationaler Campagne “Octobre Rose”, déi op d’Fréierkennung a Bekämpfung vu Broschtkriibs sensibiliséiert, verstäerkt och den CHEM säin Engagement am Kampf géint Broschtkriibs.
Vum 1. Oktober u kënnen d’Patiente vun 8 Auer bis 22 Auer e Rendez-vous fir eng Mammographie maachen. Esou kann een och owes an d’Mammographie goen. Donieft hunn déi méi laang Ouvertureszäiten de Virdeel, datt d’Delaie fir e Rendez-vous méi kleng ginn an et méi Betreiung gëtt duerch méi disponibel Slots.
De Centre Hospitalier rappelléiert iwwerdeem, datt e Rendez-vous iwwer d’"myCHEM"-App gemaach ka ginn.
RTL-News: Octobre Rose: Ëmmer méi jonk Frae si vu Broschtkriibs betraff
Link: D’Schreiwes vum CHEM