Annulatiounen am Horesca-SecteurClienten hunn Angscht sech zu Lëtzebuerg unzestiechen

Christophe Hochard
Déi lescht Méint ware scho ganz schwiereg fir d'Restauranten a fir d'Hoteller. An elo, wéi bëssen Hoffnung opkomm ass, kënnt de nächste grousse Coup.
Ëmmer méi Annulatiounen am Horesca
D'Situatioun géing ëmmer méi schwiereg ginn, zanter Lëtzebuerg als Risikoland gëllt.

Zanter datt d'Belsch an Däitschland Lëtzebuerg als Risiko-Land agestuuft hunn, vergeet keen Dag ouni Annulatiounen.

Et reent reegelrecht souguer Annulatiounen, sou heescht et zum Beispill aus engem Hotel vu Klierf. Virun allem belsch Clientë géifen déi leschten 2 Deeg hir Reservatiounen ofsoen. Hei léich ee bei ronn 20 Prozent.

De Gros vun de Clienten, déi hier Hotelszëmmeren annuléieren, hunn Angscht, sech hei zu Lëtzebuerg um Covid-19 Virus unzestiechen. Si géifen net verstoen, firwat sech bei eis sou vill Mënschen infizéieren.

Zanter 150 Joer besteet dëse Familljen-Hotel zu Klierf. Et géif ee feststellen, dass ablécklech vill Lëtzebuerger reservéiere géifen.

De ganzen Horesca-Secteur hätt nom Deconfinement gutt geschafft. D'Formule "Safe to Serve" géif hir Friichten droen.

D'Sécherheetsmesurë géifen agehale ginn. Et wär falsch, dës Betriber elo ze bestrofen.

Déi Responsabel vum Horesca-Secteur vermëssen eng eenheetlech EU-Ligne an dëser sanitärer Kris.

RTL-NEWS: Horesca erënnert hir Memberen, d'sanitär Reegelen anzehalen
RTL-NEWS: Urgenten Appell fir Hëllef vun der Horesca

Back to Top
CIM LOGO