Dat sot de Kulturminister Eric Thill e Sonndeg de Moien zu Veianen op der Zeremonie vun der Commemoratioun vum 80. Anniversaire vun der Befreiung vun der leschter Lëtzebuergescher Stad am Zweete Weltkrich duerch d’Alliéiert.
A Presenz vun der groussherzoglecher Koppel, Vertrieder vun der Lëtzebuerger Arméi an der amerikanescher Ambassade gouf besonnesch den eelef US-amerikaneschen Zaldote geduecht, déi bei der Liberatioun vu Veianen ëm d’Liewe koumen. Verschiddenen hir Nokomme ware souguer extra ugereest, fir un der Gedenkfeier deelzehuelen.
D’amerikanesch Zaldoten, déi fir eis Fräiheet gekämpft hunn, hätten Affer bruecht, déi mir ni dierfte vergiessen, esou nach de Kulturminister Eric Thill. D’Wichtegkeet vu Fridden a Fräiheet misst a Schoule, Muséeën an an der ganzer Gesellschaft verankert ginn. D’Gedenkfeier zu Veianen wär och ee Verspriechen, fir ëmmer fir Fridden a Fräiheet a Mënscherechter anzetrieden, d’Befreiung ni ze vergiessen, an eng Ermanung un eis all, fir weiderhin eng Gesellschaft ze schafen, an där Toleranz, Gerechtegkeet a Mënschlechkeet zu all Moment am Mëttelpunkt stéingen.
Och e Samschdeg war zu Veianen der Befreiung geduecht ginn. Den Artikel dozou fannt Dir hei.
80 Joer no der Liberatioun: Veianen commemoréiert mat GIs an US-Arméisgefierer an de Stroossen