
Am Virfeld ware sech Patronats- a Salariatssäit am Wirtschafts- a Sozialrot net eens ginn, fir e gemeinsamen Avis ze schreiwen. D’Patronat wëll d’Ausgaben an domat d’Leeschtunge kierzen. D’Gewerkschafte gesi keen dréngenden Handlungsbedarf a wëllen am Fall vun enger Reform Mesuren, fir d’Recetten ze erhéijen.
Virun dräi Wochen hat d’IGSS an der zoustänneger Chamberkommissioun aktualiséiert Projektioune virgestallt. Den neie Berechnungen no géifen déi lafend Ausgabe vun der Pensiounskeess schonn d’nächst Joer iwwer déi lafend Recettë klammen an d’Rentereserve 2039 ënnert de gesetzleche Seuil vun 1,5 Mol den Ausgabe falen. Deemno géif sech an dräi Joer d’Fro stellen, ob d’Pensiounen iwwer den Index eraus nach a vollem Mooss un déi real Lounentwécklung ugepasst ginn oder net.
Am Géigesaz zu de Mammeparteien an der Chamber, déi sech mat Ausnam vun déi Lénk bis elo bedeckt gehalen hunn, hunn hir Jugendsektiounen uganks dës Mounts zesumme Positioun bezunn.
Si sinn ënnert anerem fir eng méi Harmoniséierung tëscht de Staatsbeamten an de Privatsalariéeën. Si wëllen, datt d’Studiejore weiderhin als Cotisatiounsjoren unerkannt ginn, de gesetzleche Rentenalter bei 65 Joer bleift an d’Mindestrent dem Budget de réference fir Senioren ugepasst, also gehéicht gëtt.