RIPDe John Schummer ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen

Pierre Weimerskirch
Den DP-Politiker souz tëscht 1992 bis 2004 als Deputéierten an der Chamber an hat och e Mandat an der Gemeng Koplescht, dat als Conseiller.
© Roland Miny / Pressphoto

Hie war Member vum Comité Directeur vun der Demokratescher Partei. A senge jonke Joren huet hien Handball gespillt a stoung och e puer Matcher fir d’Nationalekipp um Terrain.

Als Direkter vun der Fondatioun Kräizbierg huet hie sech fir Mënsche mat Handicap agesat.

De John Schummer war bestuet an hat dräi Kanner. Um Enn vun der Emissioun Background am Gespréich huet den Ausseminister Xavier Bettel säi Bäileed un d’Famill ausgedréckt.

DP.lu - John Schummer gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO