E Samschdeg war de Xavier Bettel eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Et kéint ee net méi vun enger schläichender Evolutioun schwätzen, et wier brutal wéi d'Welt amgaangen wier ze änneren. Dat sot den Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Wann den US-President behaapt, den ukrainesche President Selenskyj wier en Diktator, just well een net dat krut wat e wollt, géif kloer ginn, mat wéi enger Brutalitéit den Donald Trump agéiert. Dat wier a senger éischter Amtszäit nach net an deem Mooss de Fall gewiescht. 
 
"Et ass immens schwéier d’aktuell Situatioun ze analyséieren" 
 
Et hätt ee mat der Walvictoire vum US-President Donald Trump gewosst, datt vill Ongewëssheeten kéimen, an dat wier och dat mat deem een an den nächste 4 Joer misst rechnen, sot den DP-Politiker. Et kéint een einfach net méi kloer soe wéi et weider géif goen. Villes géif op der Kipp stoen,un deem iwwer 80 Joer geschafft gouf. D’Relatioun mat den USA, d’gemeinsam Wäerter, déi een an der NATO gedeelt huet, wiere leider net méi déi di et waren. Den Acquis vum Fridden iwwerall op der Welt wier méi schwaach ginn. Hie wéilt net vun engem Doute schwätzen, sot de Xavier Bettel, mee et wier immens villes einfach imprevisibel.

Versichen d’Geschicht frësch ze schreiwen, wéi den Donald Trump et mécht, kéint een net sou zouloossen. Den US-President géif Aussoe maachen, déi faktesch einfach falsch wieren. 
 
"Kale Kapp behalen, net op alles sprangen an iwwerreagéieren"
 
Méi allgemeng seet de Lëtzebuerger Ausseminister, datt een net op alles dierft reagéieren, wat vum Trump an de Raum geheit gëtt. Do wier dacks och eng Grëtz Provokatioun dobäi. Eng Stäerkt wier, wann ee sech net provozéiere léisst, Rou behält a virun allem als EU zu 27 Memberstaaten zesummen hält. E Problem wier deen, datt et u Leadership an Europa feelt. Dofir misst de Fonctionnement vun der EU-Kommissioun an och de Rôle vum President vum Conseil op de Leescht geholl ginn.

Mat Bléck op de Conseil vun den EU-Ausseministeren e Méindeg, huet de Xavier Bettel betount, datt et net dat richtegt Zeeche wier, wann ee géif soen, et wéilt een net mat den Amerikaner zesumme schaffen. Et misst ee wuel weider solidaresch mat der Ukrain bleiwen, mee et wier nach ëmmer net de Moment fir d'Ukrain an der NATO opzehuelen. Den DP-Politiker huet widderholl, datt e Land an deem aktuell Krich ass, an sengen Aen, keng Plaz an der NATO huet. Dat wier just Ueleg op d'Feier geschott. 
 
"Ech sinn intolerant géint d'Intoleranz"
 
Ugeschwat op de Like vum ADR Deputéierten Tom Weidig op e Post an deem stoung LGBTQI+ misst vernicht ginn, huet de Xavier Bettel erkläert, datt dat him perséinlech wéi deet. Et wier net säi Choix schwul ze sinn, an et misst ee bedenken, datt vill Leit net domat eens ginn a sech net trauen sech ze outen a sech selwer ze acceptéieren. Hautdesdaags wier et weltwäit extrem schwéier enger Minoritéit unzegehéieren, an dofir wier et immens wichteg den Hate Speech ze bekämpfen.

Datt beim ADR verschidde Membere géifen riets ofdrifte wier eng Realitéit an et wier de Choix vun der Parteipresidentin Alexandra Schoos a wéi eng Richtung si hir Partei wéilt hi steieren.

De Background am Gespréich mam Xavier Bettel
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel war Invité beim François Aulner
Themen déi an der Emissioun Background am Gespréich ugeschwat goufen, waren ënnert anerem den Ukrainkrich an d'Positioun vun den USA.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.