
Dat well den aktuellen Direkter Luc Marteling op den 1. Mee demissionéiert huet. De Pierre Reding leet den Zenter wärend 5 Méint.
Parallel gëtt no engem neien Direkter oder enger neier Direktesch gesicht, heescht et an engem Communiqué vum Kulturministère.
De Pierre Reding kënnt aus der Educatioun a gouf méi spéit Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère.
Hien ass zënter gutt 2 Joer Kommissär fir d’Sprooch.
De Luc Marteling fir säin Deel wiesselt jo bei RTL a gëtt do neien Directeur de l’information.