
Dëst ass déi zweet Phas vun enger Serie vu Consultatiounen, déi d’Regierung envisagéiert fir d’Rentendebatt sou breet wéi méiglech ze féieren.
Beim “Cappuccino-Modell”, deen de Premier am RTL-Interview ernimmt hat, gi grouss Stécker op den zweeten an drëtte Pilier gesat, also d’privat Uspuere vu Pensiounsreserven, déi steierlech ofsetzbar sinn. An do gëtt et duerchaus nach Loft no uewen, wéi d’Chiffere vun der Sozialministesch weisen.
Deemno ginn et aktuell nëmmen eng ronn 1.100 Pensionären, déi eng Rent kréien, déi op enger betriblecher Zousazpensioun baséiert. Vun den iwwer 35.000 Employeuren, déi global am Land gezielt ginn, sinn et der dann och nëmmen eng ronn 2.200, also 6,2%, déi hirem Personal sou eng Zousazpensioun ubidden. Dovunner profitéieren aktuell eng 70.000 Affiliéiert.
Wat den drëtte Pilier ugeet, also dee vun de privaten Zousazpensiounen, sou bezuelen aktuell eng ronn 73.000 Stéit an esou e System an. Wéi vill Leit aktuell vun esou enger privater Zousazpensioun profitéieren, kann d’Steieramt iwwerdeem net matdeelen.
D’Froen ëm d’Zousaz-Pensiounen hat den CSV-Deputéierte Jeff Boonen un d’Ministesch Deprez gestallt.