
Dass de Stëbs vun der Sahara a Richtung Europa geleet gëtt, dat läit un engem Déifdrockgebitt, dat sech bei der Ibeerescher Hallefinsel befënnt. Un der ëstlecher Flank vun deem Déif ass eng südlech Stréimung dominant, déi de Sand vun der Sahara opwierbelt an a méi héich Couchë vun der Atmosphär hieft, an dann a Richtung Norden transportéiert, esou d’Explikatioun vum Meteorologist Luca Mathias op Nofro hin.
D’Berechnungsmodeller deiten drop hin, dass de Schwéierpunkt vun der Stëbskonzentratioun e Freideg iwwert Frankräich wäert leien, zumindest wat d’Konzentratioun no beim Buedem ugeet, esou de Luca Mathias weider. Lëtzebuerg dierft da just liicht gesträift ginn.
Falls Dir also sollt déi nächst Deeg gesinn, dass nees e ganz liichte Stëbsflom z.B. op Ärem Auto ze gesinn ass, da wësst Dir vu wou e kënnt.
Nom Saharastëbs: Et heescht oppassen, wann een den Auto wëll wäschen (11.4.24)