Lenert widdersprécht SchockmelDepistage an den Altersheemer gouf parallel zum Large Scale Testing lancéiert

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier Gesondheetsministesch wiert sech géint d’Duerstellung, datt een am 2020 op Käschte vun der vulnerabeler Populatioun den LST privilegéiert hätt.

Si reagéiert domat op d’Kriticken, déi den DP-Deputéierte Gérard Schockmel am Kader vum Rapport spécial iwwert de Covid-Test-Programm formuléiert huet, wou dem Zoufallsprinzip no Leit fir en Test invitéiert goufen. Den Infektiolog sot an eiser Sendung Invité vun der Redaktioun, et hätt ee méi Liewen kënne retten, andeems ee cibléiert eeler Leit getest hätt. Dës cibléiert Tester wieren ze spéit komm. Ma d’Paulette Lenert seet:

“Nieft dem lST, wat e Projet vum Claude Meisch war, gouf et e parallelle Projet tëscht der Inspection sanitaire an dem LNS fir an d’Altersheemer testen ze goen. Dat heescht do ass ganz spezifesch an och systematesch en Depistage gemaach ginn. Zu deem fréien Zäitpunkt mat enger ronn 10.000 Tester, déi virgesi waren, wou ganz cibléiert den LNS mat eis zesummen eng Aktioun hat, wou an den Altersheemer getest ginn ass.”

De Lancement vun deem Programm gouf den 20. Abrëll 2020 annoncéiert. De Large Scale Testing ass eng Woch méi spéit lass gaangen.

Virolog Thomas Dentzer widdersprécht och dem Gérard Schockmel

Den Dokter Thomas Dentzer, sengerzäit Virolog an der Direction de la santé, widdersprécht der Duerstellung vum haitegen DP-Politiker, et wier am Large Scale Testing blannemännerches getest ginn. Hie war en Donneschdeg eisen Invité am Podcast “Wellebriecher” am Kontext vum fënnefte Joresdag vum Ufank vum der Pandemie zu Lëtzebuerg.

Am Large Scale Testing wier am Ufank wuel ganz breet getest ginn. Duerno wier een awer méi cibléiert virgaangen.
Duerch de Large Scale Testing hätt een och eng Iwwersiicht gehat, wou de Coronavirus zu deem Ament grad am Land zirkuléiert ass. Wann dann en Hotspot detektéiert gouf, wier do geziilt kuckt gaangen, sou den Dokter Dentzer.

Den Thomas Dentzer huet an deem Interview zouginn, datt wuel net alles richteg gelaf ass. Zum Beispill, datt d’Ofstrécher an der Strass an net an der Nues gemaach goufen. Vun 80 Prozent falsche Resultater ze schwätzen, wéi de Gérard Schockmel et gemaach huet, wier awer definitiv iwwerdriwwen.

Back to Top
CIM LOGO