
Et wier net driwwer geschwat ginn, ob de frësch gewielte Conseiller d‘Plaz vum Andrée Colas kritt, déi jo als Schäffen an dunn als Conseillère zréckgetruede war oder ob de Bob Wagner elo 1. Schäffe géif, sou de Buergermeeschter.
E Sonndeg kruten de Gerard Schoos an de Maurice Groben an de Komplementarwalen déi meeschte Stëmmen. Si sinn domat als nei Gemengen-Conseilleren an hiert Amt gewielt ginn. Net genuch Stëmme krut d’Kandidatin Ana Paula Lopes Cordeiro Sacras.
Zanter Dezember 2021 stoungen déi zwou Plazen op. Deemools haten de Conseiller Carlo Ernst an d’Schäffen Andrée Colas demissionéiert. Dëse Sonndeg war schonn den zweeten Ulaf, fir hir Nofollger ze fannen.