
Iwwer 200 Invitéeën, dorënner d’Kanner mat hiren Elteren, waren dobäi. Ganzer 102 Projete ware fir déi éischt Editioun realiséiert ginn. Mam Kannerpräis wëll den SNJ d’Iddie vun de Kanner valoriséieren a si weider inspiréieren.
An enger éischter Phase haten Erwuessener déi 24 bescht Projeten erausgesicht. Den 10. Abrëll ass dunn d’Kannerjury an den Asaz komm. Genee wéi beim Jugendpräis, sollen nämlech och hei d’Kanner selwer d’Gewënner wielen. Dës goufen deemools awer nach net verroden an eréischt de 4. Mee annoncéiert.
Deemno gouf de Kannerpräis an zwou Altersgruppe verginn: Vun 0 bis 4 Joer a vu 4 bis 12 Joer. An deene verschiddenen Altersgruppe ginn et all Kéiers d’Kategorien “Meng Meenung”, “Mäin Asaz”, “Meng Identitéit” a “Meng Gesondheet”. Domadder ginn et also aacht Gewënner.
Kategorie “Meng Meenung": Partager, c’est aimer vun NS Kids
Kategorie “Mäin Asaz": Quelle planète laisserons-nous à nos enfants vun enger Dagesmamm
Kategorie “Meng Identitéit": Mini-Dikrich vun den Dikricher Däbbessen
Kategorie “Meng Gesondheet": Steekaul vun der Crèche Dappeshaus
Kategorie “Meng Meenung": Kiemelexpress vun de Kiemelkiddies Wëntger
Kategorie “Mäin Asaz": La planète terre de demain vun der Maison Relais Bei de Fliedermais
Kategorie “Meng Identitéit": Leo an den Oktopus vun der Maison Relais Um Weier
Kategorie “Meng Gesondheet": Inter-Foot vum Service foyers scolaires vun der VDL
An der Ekipp “Mini-Helden” gouf d’Crèche “Bei den Deckelsmouken” fir de Projet “Natur an Déierewelt kenneléieren a respektéieren” ausgezeechent.
A bei den “Helden” krut de Foyer du jour Les P’tits Choux fir de Projet “Sensibiliser les enfants au harcèlement scolaire” e Präis.
“Deng Meenung zielt": Kannerjury huet d’Gewënner vum Kannerpräis erausgesicht