Garer Quartier nei beliewenD'Gewunnechte vun de Leit hätte sech geännert

Annick Goerens
Revaloriséiert de Garer Quartier. Dat ass d'Fuerderung vun der CSV-Gemenge-Conseillère Angélique Bartolini.
De Garer Quartier revitaliséieren
Aktuell steet all aachte Buttek am Quartier eidel. D’Gemeng wëll dem Probleem entgéintsteieren.

Si huet viru Kuerzem hiren eegene Buttek op der Stater Gare missen zoumaachen. D’Problematik ass net nei. D’Stad Lëtzebuerg huet den Appell vun de Geschäftsleit héieren a reagéiert.

Commerce am Garer Quartier - E Reportage vum Annick Goerens

De Garer Quartier ass ee vun den liewegste Quartieren an der Stad. An awer di sech d’Commercë schwéier. Besonnesch an der Aler Avenue ginn et vill eidel Surfacen. An dat huet verschidden Ursaachen, erkläert de Stater CSV-Schäffe Maurice Bauer.

“Online Shopping, de Verkéier, d’Hausse vun de Präisser, d’Inflatioun, alles dat spillt natierlech do mat. Mir hunn e Leerstand, deen haut op der Gare ongeféier bei 13 Prozent ass. An der Uewerstad bei 11 Prozent. Mee et muss een awer och soen, dass op nationalem Niveau dëse Leerstand bei 12 Prozent läit.”

Fir d’Geschäftsfra Angélique Bartolini läit de Problem och net eleng um Garer Quartier.

“Zanter der Covid-Pandemie hunn d’Consommateuren hir Gewunnechte geännert. Si consomméieren entweder manner deier oder guer net. Si privilegéiere Reesen a Logement. 2023 hate mer dunn eng Baisse vum Chiffre d’Affaires vun 30 Prozent. An 2024 huet och ganz schlecht ugefaangen. Donieft hate mer eng Hausse vun eise Loyerschargë vun 300 Prozent [zanter 2018, ndlr.]. Dat gouf duerno eng komplett inkoherent Balance. Guer keng Rentabilitéit. Am Contraire. Et war wierklech eng richteg Chute.”

Par rapport zu de grousse Shoppingzenteren hätte si op der Gare aktuell de Problem vum Manktem u Parkplazen. Mee och eng Plaz an der Uewerstad hätt hire Buttek net gerett, mengt d’Angélique Bartolini.

“Well de Präis vum Loyer passt iwwerhaapt net op de Präis vun de Produiten, déi ech verkafen. An dobäi war ech nach am’Milieu de gamme’. Do froen ech mech, wéi déi Leit et gemaach hunn, déi méi ‘bas de gamme'-Produite verkaaft hunn, mat engem Loyer an der Uewerstad tëscht 7.000-10.000 Euro.”

De Problem ass der Stad Lëtzebuerg net nei an dofir sinn och schonn eng Rei Mesuren en place, erkläert d’Francine Lies vun der zoustänneger Cellule an der Gemeng.

“Eleng am leschte Joer hu mir 3 nei Pop-Up-Storen op der Gare opgemaach. A mir hunn och d’lescht Joer den Design Hub an der Rue de Hollerech opgemaach. Wierklech fir en neie Flux do eranzekréien an d’Attraktivitéit vum Quartier ze verbesseren.”

Zënter Ufank des Joers schafft d’Gemeng och mat der Entreprise UPCity zesummen, fir de Garer Quartier z’analyséieren a strategesch ze promouvéieren. Dofir leeft och aktuell eng Ëmfro, un där jidderee kann Deel huelen. Revitaliséieren ass also d’Stéchwuert fir de Garer Quartier.

RTL-News: Vill eidel Commercen: Wou bleift e globaalt Konzept fir de Garer Quartier?

Back to Top
CIM LOGO