Videoe gekuckt op der AarbechtDisziplinaresch Enquête géint 4 CFL-Mataarbechter, Sanktioune géint 3 Leit

RTL Lëtzebuerg
Déi véiert Persoun hat nach demissionéiert, éier d'Prozedur vun der Enquête ofgeschloss war.

D’Ressortministesch Yuriko Backes huet en Donneschdeg de Mëtteg den Deputéierte vun der Chambertransportkommissioun d’Konklusioune vun engem internen Audit bei den CFL presentéiert. Den Audit war no Revelatiounen an der Press gemaach ginn, datt Mataarbechter vun der sougenannter BMS-Cellule, déi fir d’Videosurveillance zoustänneg ass, et net sou seriö mat der Iwwerwaachung huele géifen mä op der Aarbecht Serie kucken a schlofe géifen.

Véier Persoune kruten eng disziplinaresch Enquête gemaach, dräi dovunner si sanktionéiert ginn. Déi véiert Persoun hätt demissionéiert, nach ier d’Prozedur ofgeschloss war, huet et no der Sitzung geheescht. Alles an allem hätt den Audit, deen iwwert de Fonctionement vum “Building Management System” gemaach gouf, awer kee gréisseren Dysfonctionnement opgeworf. D’Aarbechtsprozeduren wieren appropriéiert a géife vun den Agenten och respektéiert ginn, sou d’Konklusioune vun der Presidentin vum Auditcomité Isabelle Schlesser, déi sou um Site vun der Chamber zitéiert gëtt. Eng zentral Recommandatioun vum Audit war fir d’Prozeduren an engem eenzele Service ze zentraliséieren. Dat wier, dem Generaldirekter no, schonn amgaang gemaach ze ginn.

D’CFL haten no de Reprochen am Tageblatt op enger séier improviséierter Pressekonferenz vun Ënnerstellungen an der Press geschwat an erkläert, de Service wier net duerfir geduecht, fir direkt z’intervenéieren, wann een eppes op der Kamera gesi géif. Et wier een ëmmerhin net d’Police.

Back to Top
CIM LOGO