No Policeinterventioun am Réidener LycéeD'Jugendschutz-Sektioun vum Parquet huet d'Police mat Enquête chargéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gouf am Réidener Lycée en Alarm ausgeléist, well eng verdächteg Persoun gemellt gouf. D’Police enquêtéiert.

Am Kontext vum Asaz zu Réiden huet d‘Sektioun Jugendschutz vum Parquet vun Dikrech d’Police mat enger Enquête chargéiert, esou de Spriecher vum Parquet op Nofro.
Et wier allerdéngs net méiglech weider Detailer ze ginn, dat well ee sech hei am Beräich vum Jugendschutz géif beweegen.

Wat war geschitt?

Am Interview sot den Direkter vum Réidener Lycée, Jeff Kohnen, dass eng Schülerin gemellt hat, dass si eng verdächteg jonk Persoun gesinn hätt, déi méiglecherweis eng Waff bei sech hätt. D’Schoul hätt doropshin d’Prozedure lancéiert an d’Police informéiert.
No engem Groussasaz vun der Police konnt näischt festgestallt ginn. Géint hallwer 12 konnten d’Schüler d’Klassesäll verloossen.

Am Lycée gouf eng psychologesch Prise en Charge garantéiert.

Back to Top
CIM LOGO