
Interessekonflikt beim Science Center
Den Nicolas Didier huet als President vum Wëssenschaftsmusée senger privater Firma Opträg ginn. De Science Center gëtt haaptsächlech vum Educatiounsministère finanzéiert. Dee stellt elo Konditiounen, fir d’Finanzéierung weiderzeféieren.
Ze wéineg Kannerdokteren?
Wann een de Leit nolauschtert, gëtt et ëmmer méi schwéier, mat sengem Kand e Rendez-vous beim Kannerdokter ze kréien. Wéi uerg d’Situatioun wierklech ass, kann d’Santé awer net beurteelen. De Ministère weess nämlech selwer net wéi vill Pediateren zu Lëtzebuerg schaffen.
Cannabislegaliséierung
De Pilotprojet iwwert d’Cannabislegaliséierung hei zu Lëtzebuerg soll “zäitno” an de Regierungsrot kommen. Am Kader vun engem Experiment soll de kontrolléierte staatleche Verkaf vun der Drog erlaabt ginn.
Méi Logement gebraucht
Wéinst der ugespaanter Situatioun um Wunnmarché ginn et Fraen, déi no enger Zäit am Fraenhaus zeréck an eng Gewalt-Bezéiung ginn, seet d’Andrée Birnbaum an eiser Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Konterbont Péckvillercher
Um Ouschterméindeg war déi 194. Editioun vun der traditioneller Éimaischen, déi 1827 gegrënnt gouf. Och zu Nouspelt konnt een déi faarweg Péckvillercher kafen, déi zu Traditioun dozougehéieren.
Fettverdeelungskrankheet
Lipödem ass eng Fettverdeelungsstéierunge, mat der haaptsächlech Fraen ze kämpfen hunn. Dacks kommen nieft de kierperleche Symptomer och psychesch Belaaschtungen dobäi, well d’Diagnos a ville Fäll laang op sech waarde léisst.
Den Oldtimer eng Chance ginn
Well an der EU den Elektromotor prioriséiert gëtt, maachen och d’Proprietäre vun historeschen Autoe sech Gedanken, ob a wéi se hire Bijou an Zukunft fir eng Promenade aus der Garage huelen dierfen. Syntheetesch Kraaftstoffer – déi sougenannt E-Fuels – wären eng Léisung.
E-Zigarett fir mam Fëmmen opzehalen?
A Groussbritannien wëll een den héijen Zigarettekonsum an de Grëff kréien. Dat awer mat enger Method, déi een a Fro stelle kann. Fëmmerte sollen nämlech eng gratis E-Zigarett kréien, fir dass se keng Zigarette méi fëmmen. Op dat gesondheetlech de richtege Wee ass?
D’Geschichte vum Veräinsliewen
De City Musée an der Stad weist den iwwerraschend groussen Impakt, dee Veräiner op eis Gesellschaft hunn. Déi nei Expo heescht “Komm mer grënnen e Veräin”.
ADHS, keng Kannerkrankheet
Mat 29 Joer kritt d’Angelina Boerger d’Diagnos: Dir hutt ADHS. Fir déi däitsch Journalistin kee Schock, mee eng Erliichterung. Endlech eng Erklärung fir “d’Kiermes an hirem Kapp”.