
Falsch ofgesat
Eng Fra am Rollstull sollt vum Service Adapto vun engem Akafszentrum zeréck an d’Altersheem bruecht ginn. D’Fra vu 73 Joer gouf awer bei de Schinne bei engem CFL-Haischen ofgesat a réischt no e puer Stonne vu CFL’s Aarbechter fonnt. D’Duechter vun der eeler Damm huet op de soziale Reseauen dorop opmierksam gemaach an Adapto gouf uerg kritiséiert.
Iwwerraschend Urteel
D’lescht Woch ass en Ex-Volleyballtrainer wéinst kannerpornografeschem Material zu 5 Joer Prisong mat 3 dovunner op Sursis verurteelt ginn. D’Haaptaffer weist sech positiv iwwerrascht, dass e wierklech Prisong krut. “Ech hoffen hie wäert do un d’Nodenke kommen an doraus léieren.”
Hëtzt a Bëschbränn
Souwuel a Südeuropa wéi och an anere Länner si Bëschbränn ausgebrach. Déi extrem Temperaturen an d’Dréchent déi domat kënnt, mécht d’Gefor fir Bëschbränn immens grouss. Ënnert anerem op der griichescher Insel Rhodos ass d’Feier nach net ënner Kontroll.
Dout vum klengem Emran
Viru bal 4 Joer ass de klenge Bouf um Knuedler vun engem Äisblock erschloe ginn. Zanterdeem lafen Ënnersichungen. Dem Emran seng Eltere waarden ëmmer nach op Äntwerten. Et géif awer einfach net viru goen, well ëmmer rëm nei Devoire gefrot ginn.
Kamerae fir d’Police
De Gesetzesprojet 8065 gouf an der Chamber ugeholl. Deementspriechend wäerten an Zukunft 1.700 Poliziste Bodycams kréien, also kleng Kierper-Kameraen.
Léiwin geet spadséieren
Zu Berlin ass eng Léiwin ënnerwee. D’Police a Spezialiste sichen intensiv no der Grousskaz. Et geet een dovun aus, dass d’Déier privat gehale gouf, et wier nämlech keng Léiwin vun engem Zoo oder Zirkus vermësst gemellt ginn.
Deier Verspéidungen
Bal 1.000 Plaintë wäerten 2023 zu Lëtzebuerg erakommen, well de Fliger ze spéit war oder annuléiert gouf. An 38,4 Prozent vun de Fäll gouf en Faveur vum Passagéier entscheet, a knapp 29 Prozent vun der Airline.
Illegale Becher
Zënter dem 1 Januar 23 ass Plastiksgeschier, wat just eng Kéier ka benotzt gi verbueden. Op engem ëffentlechen Evenement gouf d’Gedrénks awer am Eewee-Becher zerwéiert. Toleranz läit hei awer bei Null. Den Ëmweltministère confirméiert, dass dat net erlaabt ass an Organisateuren eng Strof riskéieren.
Läich fonnt
Zu Houschter Déckt gouf eng Läich an engem Weier fonnt. Zwee Deeg méi spéit war ass der Police kloer, dass ee Friemawierkung ausschléisse kann. Den eeler Mann ass a sengem eegene Weier fonnt ginn.
Lescht Etapp
Den 1. Juli huet den Tour de France ugefaangen. Dëse Sonndeg ass dann déi lescht Etapp. Dës kënnt Dir den Owend am Livestream op RTL.lu an op der Tëlee kucken.
Geféierlech Jalousie
Zu Berlin steet e Mann wéinst versichtem Mord viru Geriicht. Him Dem 61 Joer ale Mann gëtt virgehäit senger Ex-Frëndin opgelauert an dunn eng Handgranat gezünt ze hunn. Heibäi goufen dräi Leit schwéier blesséiert. Duerno soll hien nach op de neie Frënd an op seng Ex-Frëndin mat engem Messer agestach hunn. Grond fir d’Dot wier Jalousie geweecht.
Echterlive
Iwwer 4 Deeg ass Iechternach ganz musikalesch. Den Adel Tawil, Dean Lewis a vill Lëtzebuerger Museker stoungen hei op der Bün. De Sonndeg den Owend ass dann den Ofschloss mam Clueso.