
D’nächsten Dënschdeg decidéiert sech, ob d’Kamala Harris oder den Donald Trump den nächsten amerikanesche President gëtt. Ma elo scho sinn dräi vun eise Journalisten an den USA ënnerwee. Wat si do erliewen, kënnt Dir am Wal-Dossier op eisem Site liesen. An der Walnuecht wäerte mir Iech op den RTL-Plattformen permanent mat den neisten Informatioune versuergen.
Stand e Freideg elo sinn op d’mannst 95 Persoune si bei den uergen Iwwerschwemmungen a Spuenien ëm d’Liewe komm. De Gros dovunner - mat 92- an der Géigend ronderëm Valencia. Ma déi spuenesch Autoritéite ginn dovun aus, dass de Bilan vun den Doudesaffer nach wäert klammen.
D’Police warnt virun enger Bedruchsmasch mat falsche Beamten. Als éischt hate falsch Bankemployéeën d’Affer kontaktéiert an hinnen erkläert, dass Sue vun hirem Kont verschwonne wieren. Dowéinst misste Police-Beamten d’Bankkaart siche kommen. D’Täter sinn du mat der geklauter Bankkaart an dem Sécherheetscode geflücht. D’Police erënnert an deem Kontext drun, dass all Polizist fléissend Lëtzebuergesch schwätzen a sech identifizéiere kann.
Dernieft entspriechen esou Ufroen net den Handlunge vun unerkannten Verwaltungen, Firmen oder Banken. Wann Dir net sécher sidd, ob et e Bedruchsversuch ass, da loosst Iech net ënner Drock setzen a kontaktéiert d’Firma oder d’Bank, déi betraff ass.
De Lëtzebuerger Geeschtleche Georges Vuillermoz ass am Alter vun 99 Joer gestuerwen. Hie koum den 8. Juli 1925 zu Diddeleng op d’Welt. No engem Ingenieursstudium zu Zürich huet et hien awer an eng ganz aner Richtung ageschloen: en Theologiestudium. Am Zweete Weltkrich gouf en zwangsrekrutéiert. Am Alter vu 27 Joer gouf de Georges Vuillermoz dunn zum Paschtouer geweit, gouf Vikar an der Kathedral a Spezialist fir Kiercherecht.
Offiziell a Pensioun war de Georges Vuillermoz vun 2006 un an awer ëmmer nach bei wichtegen Evenementer vun der kathoulescher Kierch derbäi.
Thon-Konservebéchse mat ze vill Quecksëlwer kontaminéiert
D’ONGe Bloom a Foodwatch warne virun engem Gesondheetsrisiko wéinst Thon-Konservebéchse, déi mat Quecksëlwer belaascht sinn. Deemno géif sech bei all den 148 ënnersichte Marken en ze groussen Undeel u Quecksëlwer an de Béchse befannen.
Well bei enger reegelméisseger Consommatioun gesondheetlech Risike fir dat zentraalt Nervesystem bestinn, hu béid Organisatiounen en dréngenden Appell un d’Autoritéite lancéiert, eppes dogéint ze ënnerhuelen an den Thon sou séier wéi méiglech a Schoulen, Crèchen an am Spidol ze verbidden.
Den Duerchernee bei der Piratepartei geet an eng weider Ronn. Virun dräi Joer soll sech de Marc Goergen Sue geléint hunn. Den 100komma7 huet e Méindeg de Moie gemellt, dass den Deputéierte Marc Goergen dem parlamentaresche Grupp vun de Piraten ronn 33.000 Euro schëlleg wier. Et géif sech ëm ee Prêt ouni Zënsen handelen, fir fälleg Steiergelder ze begläichen.
De Marc Goergen huet op RTL-Nofro präziséiert, dass hien déi Sue vum Prêt e Méindeg zeréckiwwerwisen hätt. Dëst huet hie spéider och op de soziale Reseaue confirméiert a vun engem “Feeler” geschwat, esou een temporäre Kredit ugeholl ze hunn. D’Piratepartei wier zu kengem Ament involvéiert gewiescht an elo wier déi finanziell Schold beglach.