No iwwer 2 Méint Stëllstand um Findel ass e Freideg de Mëtteg nees déi éischt Luxair-Maschinn mat Passagéier gestart. Deen éischte Vol ass a Richtung Stockholm, zwee weider Volle sinn e Freideg erausgaangen, dat op München an op Hamburg.
Wéinst der Corona-Epidemie gëllen elo natierlech nei Reegele fir d'Passagéier an de Jeannot Ries, de Mike Elsen an de Pierre Jans hunn e Freideg d'Erfarung gemaach, wéi sech fléien a Corona-Zäiten ufillt, dat bei engem Aller-Retour Lëtzebuerg-München.
De Vol vu München gouf iwwregens vun de Pompjeeë mat enger Dusch begréisst. Et war ewéi wann deen éischter Fliger iwwerhaapt um Findel gelant wär.

RTL-Artikel: Findel: All Passagéier kritt e Voucher, fir sech testen ze loossen
