Genee Erklärungen dozou, wéi a wisou de Long-Covid opkënnt, ginn et nach net. Ma an engem Pilotprojet gi Long-Covid-Patienten hei am Land betreit. Fir iwwert déi éischt Phase vun deem Projet ze schwätze war d’Dr. Martine Goergen e Freideg den Owend am Journal op der Télé.
332 Patienten hunn zanter dem Summer um Pilotprojet deelgeholl. Et wier eng Krankheet no der Krankheet, esou erkläert et Dr. Martine Goergen, medezinesch Direktesch vum CHL. Et wieren éischter méi jonk Leit betraff, den Duerchschnëttsalter läit bei 47 Joer.
“Mir hunn och gemierkt, dass vill méi Frae vum Long-Covid befale si wéi Männer. Wat de Géigendeel ass vun den Hospitalisatiounen, wou et an der Reegel méi Männer si wéi Fraen.”
80 Prozent vun de Leit, déi beim Pilotprojet dobäi waren oder sinn, haten u sech en éischter liichte Covid-Verlaf. Wëssenschaftlech Etüde fir dat ze erkläre lafen nach, mee verschidden Eegenschaften zeechne sech schonn of.
“Et kann een elo vläicht soen, mir wëssen dass de Virus haaptsächlech déi kleng Oderen an déi bannenzegt Schicht vun de Bluttgefäässer ugräift. Wat dann och do Embolien ausléist. Déi Leit, déi an d’Spidol kommen, kréien dacks Bluttverdënner a ginn och mat Cortisol behandelt an doduerch kann et sinn, dass de Long-Covid manner kann optrieden. Mee dat ass den Ament nach net klinesch bewisen.”
D’Therapie wier dacks laangwiereg an et géing haaptsächlech versicht ginn, d’Symptomer ze bekämpfen, esou Dr. Goergen.
“Dat heescht Reeducatioun, Muskelopbau, Otemübungen. Vill Leit kënne sech och net méi sou gutt konzentréieren. Do ginn dann och Übunge mam Neuropsycholog zum Beispill gemaach, fir dass si och nees kënne léieren, sech besser ze konzentréieren. An da musse mer och déi spezifesch Erkrankung, déi nei opgetrueden ass, wéi zum Beispill Diabetes, dann och behandelen.”
Déi Krankheeten, déi no enger Covid-Infektioun optrieden, géinge par conter fir ëmmer bleiwen. Ganz wichteg wier dann och eng psychologesch Prise en Charge. Et wier net einfach, wärend der Krankheet sou laang isoléiert ze sinn an dann duerno och ze mierken, dass een nach Symptomer mat sech dréit.
De Pilotprojet soll weidergefouert ginn, den Ament géing een dowéinst mat der CNS zesumme schaffen.
E Reportage, an deem ee Betraffene vum Long-Covid eis säin neien Alldag mat der Krankheet erkläert, fannt Dir hei: