
De Gesetzesprojet baséiert op enger EU-Direktiv, déi muss an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Lëtzebuerg ass dobäi schonn a Verspéidung, ma um Enn wëll een awer méi wäit goen, wéi dat an der Direktiv virgesinn ass.
D’Regierung seet, dass een doduerch wéilt méi Sécherheet schafen. Esou wier nämlech fir jidderee genau kloer, a wéi enger Situatioun e sech géing befannen, sou déi Gréng Justizministesch Sam Tanson en Dënschdeg an der Chamber.
D’Oppositioun fäert awer, dass dem “Denunziantentum” an Zukunft “Tür und Tor” opgemaach gëtt.
Mam Zil vum Gesetz wier een averstanen, huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar gesot, net awer mat der Ëmsetzung. D’CSV wënscht sech, et wier ee strikt beim Text vun der EU-Direktiv bliwwen. Den ADR-Deputéierte Roy Reding schwätzt dovunner, dass “Meldemuschis” géingen animéiert ginn. “Wat fir eng Atmosphär mengt der, dass a Betriber a Verwaltungen entsteet, wann een deen anere kann uschmieren”, huet den Deputéierten an d’Ronn gefrot.
D’Sam Tanson huet dorop higewisen, dass et schon zanter 2011 e Gesetz fir de Schutz vu sougenannte Lanceurs d’Alerte géing ginn. Zanterhier wier kloer definéiert, wat e Whistleblower iwwerhaapt ass. Wéi d’Ministesch rappelléiert huet, wier am Gesetz festgehalen, dass d’Informatioun ëm déi et geet, misst am ëffentlechen Interessi sinn, an dass de Whistelblower misst “de bonne foi” sinn. Weiderhi misst d’Verëffentleche vun der Informatioun d’Ultima Ratio sinn an d’Wichtegkeet vun der Informatioun misst méi grouss sinn, wéi de potentielle Schued, deen doduerch entstoe kéint. De gesetzleche Kader géing duerch en neit Gesetz elo erweidert ginn, sou d’Ministesch.
De Rapporter vum Projet de loi Charel Margue huet dann d’Ëmsetzung erkläert. An Zukunft sollen et an all Entreprise mat méi wéi 50 Mataarbechter intern Kanäl fir d’Signalisatioun ginn. Dofir musse Persounen oder e Service designéiert ginn, deene Mëssstänn kënne matgedeelt ginn. Fir Entreprise mat manner Mataarbechter oder Gemenge mat manner wéi 10.000 Awunner gëtt et dës Obligatioun net. Si kënnen dat ariichten, mussen awer net. Hei wäerten 22 extern Autoritéiten definéiert ginn, wou Signalementer kënne gemellt ginn. Dozou zielen ënner anerem d’CSSF, d’Commisariat aux assurances, den Enregistrement, d’ITM, den ILR, d’CNPD, de CET, den Ombudsman, den Okaju, d’Natur- a Waasserverwaltungen, de Barreau, d’Notairen, den OAI an de Collège medical.
Den Oppositiounspolitiker Laurent Mosar kritiséiert, dass besonnesch klengen a mëttlere Betriber nees weider Formalitéiten opgedrängt kriten, fir kënnen d’Gesetz ëmzesetzen.
D’Angscht virun engem “Denunziantenum” deelt d’Justizministesch net. Et wier eng Méiglechkeet, dass Mëssstänn un de Patron erugedroe ginn, ier se méiglecherweis zu enger grousser Affär ginn. D’Angscht, dass sech eng Persoun kéint rächen oder enger Kënnegung entgoen, andeems se de Statut vum Whistleblower kritt, deelt si net. Ëmmerhi wiere signifikant Strofe bei engem abusive Signalement virgesinn. Dës leie bei enger Prisongsstrof vun tëscht 8 Deeg an 3 Méint an enger Amende vun 1.500 bis 50.000 Euro.
D’CSV an d’ADR konnten net vum Gesetzesentworf iwwerzeegt ginn. D’Regierungsparteië waren awer am Boot an hunn e matgestëmmt. Déi Lénk erkennen och just Virdeeler dran, an d’Piraten begréissen, dass den Dialog an der Hierarchie vun den Entreprisen doduerch kéint verbessert ginn.