
En éischten Asaz gouf et géint 22 Auer zu Hollerech, wou dräi Persounen unenee gerode waren. Ee vun hinnen hat ze vill gedronk an huet sech net vun de Beamte berouege gelooss, wouropshin dës de Mann mat an den Arrest geholl hunn.
Op Déifferdeng waren d’Poliziste géint 23.30 Auer wéinst haislecher Gewalt geruff ginn. Wéi d’Police schreift, wier de Mann op Uerder vum Parquet aus dem Haus verwise ginn. Am Ganze wier d’Police déi lescht Nuecht eng 11 Mol wéinst Familljestreidereie geruff ginn. An deenen aneren 10 Fäll konnt d’Situatioun awer berouegt ginn a keng weider Persoun huet misse verwise ginn.
Ëm déi selwecht Zäit koum et zu Déifferdeng och zu engem Accident mat Farerflucht. De flüchtege Chauffer konnt awer vun der Police gepëtzt ginn. Well dësem dem Alkohol kloer zougesprach hat, gouf säi Permis agezunn. Wéinst der Farerflucht gouf Plainte gemaach.
Op der N7 bei Miersch koum et iwwerdeem géint 1 Auer zu engem Accident tëscht engem Bus an engem Auto, deen och de CGDIS an hirem Bulletin opgefouert hat. Och hei war den Alkoholtest vun der Automobilistin positiv, esou datt de Fürerschäin huet missen agezu ginn. Souwuel si, wéi och de Buschauffer, deen eleng am Bus war, koume blesséiert an d’Spidol.
Géint 2 Auer wollt um Policebüro zu Wolz e Mann eng Plainte maachen. De Beamten ass dobäi awer opgefall, datt de Mann wuel ze vill gedronk hat an hunn en Alkoholtest mat him gemaach, dee positiv ausgefall ass. Och hien huet säi Permis missen ofginn.