Konsequenze fir de Mënsch"Eichenprozessionsspinner" breede sech och ëmmer méi an de Stied aus

Tim Morizet
D'Larve vun där Zort vu Päiperlek breede sech zënter e puer Joer hei am Land aus. Si schuede Beem a sinn och geféierlech fir d'Gesondheet vum Mënsch.
Eichenprozessionsspinner
D’Larve vun där Zort vu Päiperlek breede sech zënter e puer Joer hei am Land aus. Si schuede Beem a sinn och geféierlech fir d’Gesondheet vum Mënsch.

Eigentlech goufen et d’Raupe schonn ëmmer hei zu Lëtzebuerg, virun allem an de Bëscher. Ma zanter e puer Joer breede se sech och ëmmer méi an de Stied aus. Mat Konsequenze fir de Mënsch.

Verbreet sinn d’Raupe virun allem am Süden an Oste vum Land. Hei spillen Temperaturen eng grouss Roll. Och wat déi zukünfteg Verbreedung vun de Raupen ugeet.

„Déi Päiperleken, ewéi déi meescht Insekten, maachen Zykle mat wou se sech mol méi, mol manner verbreeden. Mais et gesäit den Ament esou aus, wéi wann d’Populatioun vum Eichenprozessionsspinner déi nächst Jore wäert an d’Luucht goen. Dat huet och vill mam Klimawandel ze dinn a Konditiounen, déi besser fir d’Déier ginn.“

De Spinner ass aktuell an de leschte Stadie virum Verpoppen zum Päiperlek. Et heescht, also nach e puer Wochen oppassen, wann een dann dobaussen am Bësch ënnerwee ass.

Wéi säin Numm et verréit, besidelt den “Eichenprozessionsspinner” haaptsächlech Eechen a ka fir gesondheetlech Problemer bei Mënsch an Déier suergen. Hiert Nesselgëft kann allergesch Reaktiounen ausléisen. D’Suitte sinn e staarke Bass, d’Haut ka sech entzünden, d’Otemweeër an d’Ae gi gereizt.

Wien a Kontakt mat de Brennhoer kënnt, soll dës direkt ofwäschen. Och d’Gezei soll deen Ament gewäsch ginn. Bei méi staarke Reaktioune gëtt recommandéiert, bei den Dokter ze goen.

Nei Waff géint d’Raupeplo

Zu Guénange gëtt den Eichenprozessionsspinner mat enger Dron bekämpft. Dëst Experiment zu Guénange gouf vun der Firma Agrobio Tech zejoert op d’Been gestallt, eng Firma, déi speziell vu Nice koum.

Nei Waff géint d'Raupe-Plo
Zu Guénange, hei vir a Frankräich, gëtt eng Dron agesat, déi Gëft op Beem sprëtzt, fir esou d’Raupen ze bekämpfen.

Artikel: Zu Guénange gëtt den Eichenprozessionsspinner mat enger Dron bekämpft

Communiqué (aus dem Juni)

Vorsicht Eichenprozessionsspinner! (16.06.2020)

Communiqué par: ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration de la nature et des forêts / ministère de la Santé

Der Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) breitet sich seit mehreren Jahren in Luxemburg aus und besiedelt verstärkt auch Erholungs- und Siedlungsbereiche des Menschen. Die Larven dieser Nachtschmetterlingsart, die bevorzugt an den Blättern von Eichen fressen, beeinträchtigen die Bäume kaum. Für den Menschen können die Brennhaare, die die Larven ab dem dritten Larvenstadium ausbilden, allerdings eine gesundheitliche Bedrohung darstellen. Das in den Brennhaaren enthaltene Nesselgift kann zu Juckreiz, Reizungen der Atemwege oder Augen, und in seltenen Fällen sogar zu einer allergischen Reaktion führen. Auch Tiere werden von diesem Gift beeinträchtigt.

Seinen Namen hat dieser Schmetterling durch die Art und Weise erhalten wie sich die Larven in Form von Prozessionen bei ihren nächtlichen Wanderungen fortbewegen. In den späteren Larvenstadien häufen sich die Larven in den Baumkronen zu Nestern zusammen, die von Gespinstfäden und den darin enthaltenen Brennhaaren umgeben sind. Ab Mitte Juli ist die Entwicklung des Schmetterlings abgeschlossen, die leeren Nester mit den Brennhaaren stellen allerdings weiter eine Gefahr für Mensch und Tier dar.

Raupengespinste, welche an Schlehdorn, Weißdorn oder anderen Sträuchern zu finden sind, stammen allerdings meist von anderen Gespinstmottenarten und sind für den Menschen ungefährlich.

Bei einem Vorkommen von Eichenprozessionsspinnerlarven gebührt es Abstand zu halten Die Beseitigung der Eichenprozessionsspinnernester sollte von spezialisierten Firmen durchgeführt werden. Unter keinen Umständen sollte selbst Hand angelegt werden.

Bei Kontakt mit den Brennhaaren der Larven sollte die Haut unverzüglich gewaschen und eine antiallergische Salbe aufgetragen werden. Außerdem sollte die Kleidung gereinigt werden. Falls größere gesundheitliche Beschwerden auftreten, sollte ein Arzt aufgesucht werden.

Weitere Informationen zum Eichenprozessionsspinner können einem Faltblatt entnommen werden, das in deutscher und französischer Sprache bei der Naturverwaltung erhältlich ist und auf den Webseiten www.emwelt.lu und www.sante.lu heruntergeladen werden kann.

Für weitere Informationen und Hilfe bei der Bestimmung des Eichenprozessionsspinners können Sie sich unter der E-Mail-Adresse eps@anf.etat.lu an die Naturverwaltung wenden.

Back to Top
CIM LOGO