Problem an der GastronomieEidel Dëscher trotz Reservatioun: 35.000 € manner Ëmsaz duerch "No shows"

RTL Lëtzebuerg
En Dësch am Restaurant reservéieren an dann net optauchen – wuel verstanen ouni ofgesot ze hunn. Mat dem Problem hu Restaurateuren ëmmer méi dacks ze dinn.
Eidel Dëscher trotz Reservatioun: 35.000 € manner Ëmsaz duerch "No shows"
En Dësch am Restaurant reservéieren an dann net opdauchen – wuel verstanen ouni ofgesot ze hunn. Mat dem Problem hu Restaurateuren ëmmer méi dacks ze dinn.

Dat “Net-Opdauchen”, op Englesch “No show” genannt, bedeit Schätzungen no op d’Joer gerechent een Ëmsazverloscht vu 5-20% fir d’Betriber. Och de Steve Pfeiffer erlieft dat ëmmer nees a sengem Restaurant um Briddel. Virun allem zu den Haaptzäiten deet dat besonnesch wéi, erzielt de Restaurateur:

“Dat war lo dee Sonndeg, wou et iwwer d’Nuecht geschneit hat. Do hu mer schonn dräi Ofsoe kritt Sonndes mëttes an nach dobäi zwee Dëscher, déi net komm sinn, ouni sech ofzemellen. Dat waren 20 Couverten, déi net komm sinn. Da seet een, ’20 Mol 50 Euro, dat sinn 1.000 Euro, dat ass jo net vill’. Déi Deeg, wou mir net genuch maachen, sinn déi 1.000 Euro jo awer wëllkomm.”

“Et ass manner Respekt do”

Zanter bal 40 Joer ass de Steve Pfeiffer am Beruff, an hätt iwwer d’Joren eng Verännerung am Behuele vun de Clientë festgestallt.

“Et ass manner Respekt do. Nonchalance. Et ass de Leit méi egal, géif ech soen. Se verstinn net, dass mir eis hei ariichte mussen, a plange mussen. (...) Dann hu mir eis Dëscher verplangt, eist Personal ageplangt, da geet et fir eis net méi propper op.”

Eppes géint déi sougenannt “No shows” ze maachen, wier schwéier. Déi perfekt Léisung huet de Steve fir säi Betrib nach net fonnt. Akkonte wieren ze komplizéiert ze geréieren, all Kéier Telefonsnummeren opzeschreiwen, net realistesch, an de System fir bei Online-Buchungen e Montant op der Kreditkaart ze blockéieren, wier net flexibel genuch. Dofir géing hien dat Ganzt klassesch handhaben, an einfach drop hoffen, dass d’Clientë sech mellen, wann eppes ass.

© RTL

35.000 Euro Ëmsaz-Verloscht

Negativ Erfarunge mat “No shows” huet och den Zwee-Stäre-Kach Cyril Molard gemaach. Ronn 35.000 Euro Ëmsazverloscht huet hien 2024 doduerch gemaach. An awer wëll hien net systematesch en Akkont froen. Just a bestëmmte Fäll ginn ofhängeg vum Menü tëscht 50 an 100 Euro op de Kapp op der Kreditkaart vum Client blockéiert. Zum Beispill bei Dëscher vu méi wéi zwee Leit a Gäscht aus dem Ausland. Konsequent wier hie bis elo awer nach net gewiescht, well ofgebucht hätt hien d’Suen nach ni.

“Et gëtt Restauranten, déi vill méi streng si wéi mir. Et funktionéiert gutt, se hunn ni ‘No shows’. Par konter gëtt et och Leit, déi ni bei hinne reservéiere géifen, well se dat ze restriktiv fannen. Dat heescht, et muss een en Equiliber fannen tëscht de Clienten, déi dat akzeptéieren, an deenen, déi dat net wëllen.”

Fir sécher ze goen, dass d’Clienten, déi reservéiert hunn, och kommen, ginn zwou Confirmatioune gefrot: eng schrëftlech an eng mëndlech. Eng Prozedur, déi dem Cyril Molard seng Ekipp vill Zäit kascht. Ma ee verluerenen Dësch kascht op der anerer Säit vill Geld. Do kënnt ee séier op e puer Honnert Euro. Dobäi kënnt déi ganz Preparatiounsaarbecht, déi am Virfeld scho gemaach gouf.

De Cyril Molard geet dovun aus, dass et bei de Restauranten an Zukunft wäert goe wéi bei den Hotellen, wou e gewësse Montant ofgebucht gëtt, wann e Client net kënnt. Souwuel den Zwee-Stäre-Kach wéi och de Steve Pfeiffer hätten natierlech Versteesdemech fir Imprevuen. Dat selwecht Versteesdemech géife si sech awer och fir hir Situatioun wënschen.

RTL-News (10.8.24): Reservéiert, net opgedaucht an net ofgesot: “No show"-Phenomeen kéim am Horeca-Secteur ëmmer méi vir

Back to Top
CIM LOGO