No grujeleger Decouverte zu BartrengEn Expert erkläert, wéi ee Schädelen unhand vun den Zänn kann identifizéieren

Dan Wiroth
Nodeems zu Bartreng dräi Schädelen an enger Tut fonnt goufen, stellt sech d'Fro no der Identitéit. Eng Analys vun den Zänn kann hëllefen.
© Interpol

“3 Schädelen a Plastik Tuten zu Bartreng!”

Dëst war den Titel an der Press vun der makaber Decouverte, déi Aarbechter e leschte Mëttwoch an engem verloossen Haus zu Bartreng gemaach hunn.

Ween, Wéi al, Wisou?

Dëst si Froen déi ee sech hei ka stellen, awer ob déi de Parquet, d’Police judiciaire an d’Police technique sou wéi den LNS, déi domadder beoptraagt sinn, dës Schädelen ze analyséieren, zu dësem Zäitpunkt keng Äntwerten kënne hunn.

Fir eng Identifikatioun vun mënschlechen Iwwerreschter ze maachen, gëtt et verschidde Methoden. Eng dovunner ass d’Identifikatioun duerch d’Zänn.

© Interpol

Wat mécht en Zänn-Forensiker?

Zänn-Forensiker si Geriichtsmedezinner, déi dorobber spezialiséiert sinn, mënschlech Iwwerreschter unhand vun den Zänn ze identifizéieren. Si maachen Altersbestëmmungen a Bësszeechen Analyse bei Kannermësshandlung a bei Kriminalfäll. Déi forensesch Zännmedezin ka sech awer och mat schlechter Aarbecht vun Zänndokteren, souwéi mat Kläppereien auserneesetzen, bei deenen enger Persoun Zänn ausgeschloe goufen. Et ass e wäite Spektrum, dee vun der Identifikatioun vu Läichen oder mënschlechen Iwwerreschter geet - an der Hoffnung en Alter an en Numm op dës ze setzen - bis bei Expertisen, déi e Riichter bei kriminellen Aktivitéiten ufreet, wou Zänn entweder Täter oder Affer sinn.

Den Dr Armin Farid ass Zänn-Forensiker bei Interpol

Den Dokter Armin Farid ass en international renomméierten Zänn-Forensiker, dee bei gréissere Katastrophen d’Identifikatioun vun de Läichen huet misse maachen an och bei internationale Kriminalfäll Expertisen ugefäerdegt huet. Hien ass de Vizepresident vun der Unitéit fir d’Identifikatioun vu Katastrophen-Affer “Disaster Victim Identification” (DVI) vun Interpol, déi ënner anerem no Äerdbiewen, Terrorattacken oder nodeems Fligeren erofgefall sinn, an den Asaz kënnt, fir Affer ze identifizéieren.

Seng Expertise baséiere sech alleguerten op der Analys vun den Zänn, aus deenen ee ganz vill Informatiounen kann erausliesen.

Mir hu mam Dokter Farid telefonéiert a mat him iwwer méiglech Identifikatiounstechnike geschwat, déi och am Fall zu Bartreng kéinten an den Asaz kommen. Konkret Aussoen zum Fall selwer huet de Medezinner awer net gemaach.

Fir eng Persoun ze identifizéieren, wieren dem Dokter Farid no, eng Rei Faktoren néideg:

“Die Primäridentifikationsfaktoren, das sind halt Fingerabdruck, DNS und Odontologie, also die Zähne, weil die einfach sehr, sehr individuell sind. Und die Sekundär-Identifikatoren wie Piercing und zum Beispiel Tätowierung oder auch Operationstitan, Schrauben, das sind alles Sekundär-Identifikatoren. Und bei einer Identifikation muss man wirklich Minimum einen Primäridentifikationsfaktoren haben. Am besten wäre es natürlich, alle drei zu haben.”

Ma wourop misst een am Fall Bartreng oppassen?

“Wenn es darum geht, einen Schädel zu analysieren, dann müssen einige Faktoren in Betracht gezogen werden. Erstmal würden wir wahrscheinlich Röntgenaufnahmen machen, um auch zu sehen, wie viele von den Zähnen noch im Knochen drin sind. Das, was wir extern sehen, ist eigentlich nur ein Drittel. Zwei Drittel sind im Knochen drin. Auch der Status der Weisheitszähne. Wir würden dann anhand der Röntgenaufnahmen und anhand der Anatomie der Zähne auch eine ungefähre Altersbestimmung geben können. Von 0 bis 18 Jahren ist es hier fast ganz genau. Da gibt es einen Unterschied von 6 Monaten, vielleicht hin und her, plus, minus. Nach 18 wird es ein bisschen schwieriger. Aber da kann man anhand der Abrasion der Zähne dann auch feststellen, ob die Person, die infrage ist, ob die älter ist oder jünger.”

Bei der Analys vun den Zänn, sou den Dr Farid géif et och Zeechen wéi Plombage oder Brécke ginn, déi bei der Identifikatioun hëllefen, esou laang d’Schädelen net ze al sinn. Och d’Hierkonft oder den Alter kann unhand vun esou Elementer bestëmmt ginn. Et gouf Länner, wou d’Fëllungen aus Bëtong oder Gold gemaach goufen, wat ob verschidde Regiounen hindeit. Eng Identifikatioun unhand vun esou Indizien ass awer nëmme méiglech wann een e Verglach huet, soss gëtt et keng Identifikatioun.

Kann een duerch Zänn d’Epoch erausfannen an där déi Mënsche gelieft hunn?

“Aber bei Schädeln und bei Skeletten, das ist dann schon ein bisschen schwieriger. Wenn es um alte Skelette und Schädel geht, dann glaube ich schon, dass hier der forensische Anthropologe auch eine Einschätzung geben kann. Aber anhand der Zähne kann man da hier keine genauen Mitteilungen geben.”

Am Fall vun den 3 Schädele vu Bartreng kréie mir warscheinlech eréischt eng Äntwert, wann den LNS mat den Analyse fäerdeg ass. Op eng Demande no weideren Informatioune krute mir vum LNS folgend Äntwert:

“En raison du secret d’instruction, nous ne sommes pas en mesure de nous prononcer sur ce cas-ci. En vous remerciant pour votre compréhension.”

Back to Top
CIM LOGO