
D’Zukunft vun Europa soll gerecht, couragéiert a wäitsiichteg sinn. Mat deene Wierder adresséiere sech déi Gréng un d’CSV-DP-Regierung am Kontext vun den aktuellen Defie fir Europa. De Premier Luc Frieden hat en Dënschdeg an der Chamber annoncéiert, sech wëlle mat alle Parteien iwwer d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain an d’Sécherheetspolitik auszetauschen. Déi gréng hu schonn e Freideg de Moie virun der Press hir Fuerderunge presentéiert.
Virop misst déi aktuell Regierung ganz aktiv dofir antrieden, datt déi agefruere russesch Staatsverméige komplett fir d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain benotzt ginn, dozou d’Presidentin Sam Tanson vum parlamentaresche Grupp.
“Mir haten d’Regierung dat schonn e puermol gefrot, och elo nach fir d’lescht en Dënschdeg am Parlament, an ech hunn d’Impressioun, do wär ee lues a lues amgaangen, a Richtung e bësse méi Zoustëmmung ze goen.”
D’Besoine vun der Defense dierften och net géint aner Erausfuerderungen, ewéi den Invest an d’Infrastruktur, d’Gesondheet oder de Klimaschutz ausgespillt ginn.
“Mir wäerten ons duerfir asetzen, datt d’Investitiounen an d’Infrastruktur mat virop der Mobilitéit, der Gesondheet, d’Jugend an d’Klimatransitioun net erofgeschrauft ginn a gläichzäiteg och datt un der Gerechtegkeet geschafft gëtt.”
D’Sécherheet vun Europa kéint sech och kee Veto méi leeschten, d’Unanimitéitsreegel misst deemno ofgeschaaft ginn, esou d’Co-Parteipresidentin vun déi Gréng, Stéphanie Empain.
“D’EU muss handlungsfäeg bleiwen. D’Schwächt vun der Unanimitéitsreegel dierf eis net hannendrun hänken. Si däerf eis net weider quasi ausnotzen.”
Dem Schafe vun enger gemeinsamer EU-Arméi stinn déi Gréng iwwerdeems positiv géigeniwwer. Fir prett a sécher fir d’Zukunft ze sinn, bräicht een och eng europäesch Rëschtungsindustrie. Nëmmen esou kéint d’EU och probéiere méi onofhängeg vun amerikaneschen a chineeseschen Acteuren an deem Beräich ze ginn.