Och de Koalitiounspartner CSV steet hannert dem liberale Politiker, an deelt dat e Mëttwoch den Owend an engem Schreiwes mat, nodeems d’Escher Sektioun beienee war.
Et wéilt ee weider um gudde Koalitiounsprogramm festhalen an deen ëmsetzen - d’CSV weist sech iwwerzeegt, datt all Politiker - an eeben och de Schäffe Knaff - säi Mandat gewëssenhaft ausféiert. Dat schreift den Escher Buergermeeschter Christian Weis an engem Communiqué. Dem CSV-Buergermeeschter no géif d’Responsabilitéit awer an der do Saach kloer bei der DP leien.
Sou änlech dierft och d’Deklaratioun vum gréngen Escher Koalitiounspartner ausfalen, wou de Sektiounscomité den Owend beieneen ass. De Pim Knaff gëtt deemno a sengem politesche Mandat vun der CSV an Déi Gréng weider gedroen.
D’Escher Oppositioun - Sozialisten an Déi Lénk - haten eng Demissioun gefuerdert. De Pim Knaff war wéinst “Fraude fiscale aggravée” verurteelt ginn.
Dobäi geet et em ëmmerhin iwwer 100.000€, déi bewosst net deklaréiert goufen - eng Affär, déi iwwert en Deal mam Parquet an enger Geldstrof vun 9.500€ gereegelt gi war.
Wéi déi Gréng Esch e Mëttwoch den Owend an engem Schreiwes matdeelen, wier een “enttäuscht iwwer d’Affär an den Ëmgang domat”, si hätten “aner Konsequenzen” gezunn. De Koalitiounspartner géing awer akzeptéieren, datt all Partei selwer decidéiert, “vu wiem si am Schäfferot vertruede gëtt”. Déi Gréng Esch hunn deemno e Mëttwoch unanime decidéiert, weiderhin an där Koalitioun ze schaffen. De grénge Schäffe Meris Sehovic huet dann en Donneschdeg de Moien am Interview um Radio gesot, datt hien net der Meenung wier, datt d’Leit Vertrauen an d’Koalitioun verluer hätten.
RTL-News: No Verurteelung wéinst Steierhannerzéiung: De Pim Knaff wëll net demissionéieren
RTL-News: Zukunft vum Pim Knaff am Escher Schäfferot: Buergermeeschter wëll “zäitno” Kommunikatioun, Pim Knaff entschëllegt sech
RTL-News: Wéinst Steierfraude: Escher Schäffe Pim Knaff muss eng Amende vun 9.500 Euro bezuelen