Staatsschold am Joer 2070Et ass "keng Glaskugel", mee "eng Tendenz" do

RTL Lëtzebuerg
D'Projektioune vun der Staatsschold am Joer 2070 wiere kee Bléck an eng "Glaskugel", mee géingen eng "Tendenz" weisen.
De Romain Bausch zu den neie Berechnunge vun der Staatsschold
Fir de President vum Conseil national des finances publiques ass et gutt ze wëssen, a wéi eng Richtung et geet, fir fréizäiteg kënnen dogéint ze steieren.

Dat huet de President vum Conseil national des finances publiques (CNFP), de Romain Bausch, e Freideg am RTL-Interview deklaréiert. De CNFP huet en Donneschdeg nei Berechnungen opgrond vun neien Donnéeë vun der EU-Kommissioun matgedeelt, deenen no d’ëffentlech Schold a manner ewéi 50 Joer bei 70 Prozent oder bei 223 Prozent vum PIB kéint leien.

D’Forschette ass grouss, well et vill verschidden Zenarie gëtt. D’Resultat kéint och net präzis sinn, well et “esouvill Hypotheesen” gëtt. Et gëtt engersäits Krisen, déi een net ka viraussoen, mee op der anerer Säit och eventuell positiv Entwécklungen op der Säit vun der Produktivitéit, déi d’Resultat oder den État vun de Staatsfinanzen an déi eng oder déi aner Richtung beaflossen.

28 oder 35% Staatsschold “mécht der Kaz kee Bockel”

De President vum CNFP gëtt och ze bemierken, datt d’EU-Kommissioun méi pessimistesch ginn ass. Se géing esouwuel vu manner Produktivitéitsgewënner ausgoen, ewéi och méi héije Budgetsdefiziter. Géing een eleng d’Projektioune vu virun 3 Joer a puncto “Solde strucutel” vun der Kommissioun huelen, géing een am defavorabelen Zenario net bei 223, mee bei 171 Prozent landen.

DLëtzebuerger Regierung geet aktuell dovunner aus, datt d’Staatsschold bis d’Joer 2038 ënner 30 Prozent vum PIB wäert leien. De Romain Bausch erënnert drun, datt d’europäesch Budgetsreegele 60 Prozent als Limitt virgesinn. An hien ass selwer der Meenung, datt: “wann een elo bei 28 oder 35 Prozent läit, dat mécht der Kaz wierklech kee Bockel”.

“Entspaant” d’Zukunft virbereeden

Dem Romain Bausch no wier et awer falsch keng Berechnungen a Projektiounen ze maachen, just well et eng Ongewëssheet gëtt. A sengen Ae wier et ëmmer gutt ze wëssen, a wéi eng Richtung et geet, fir fréizäiteg kënnen dogéint ze steieren.

Hien ënnersträicht hei, datt d’Projektiounen op “onverännerter Politik” berechent sinn an datt am gesetzleche Kader vun de Sozialkeesen, esouwuel Gesondheetskeess a Pensiounskeess Korrektiounsmechanisme schonn agebaut sinn. Géingen déi net duergoen, misst d’Politik weider Mesuren decidéieren, mee sinn onpopulär Mesuren dann nach politesch méiglech? De Romain Bausch mengt net, datt ee misst “mam Briecheisen” virgoen.

Fir hie wier eppes kloer: “wann een hei kleng Ännerunge fréizäiteg ufänkt, dann ass dat guer näischt Dramatesches”. Et kéint een d’Debatt “entspaant” ugoen, well et keng “Entgleisungen” an den nächste 5-10 Joer géing ginn. Mee et kéint een elo d’Zukunft fir dës an déi nächst Generatioune virbereeden. A wat méi fréi gehandelt gëtt, wat natierlech manner drastesch muss gehandelt ginn, esou de President vum CNFP.

RTL-News: Verschidden Zenarien ausgerechent: Staatsschold kéint am Joer 2070 bei bis zu 223 Prozent vum PIB leien

Back to Top
CIM LOGO